Radioen

On air

9 bis 1  |  Loving - No Mast

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ EU-Gesetz fir d’Bëschprotectioun: Memberlänner sinn dergéint, den Text ze änneren

Reunioun vun EU-Ambassadeuren

EU-Gesetz fir d’Bëschprotectioun: Memberlänner sinn dergéint, den Text ze änneren

D’EU Memberstaate sinn net dofir, den Text vum neien EU-Gesetz iwwert d’Protectioun vum Bësch nei op ze maachen. Dat huet een Tour de Table ënnert den Ambassadeuren aus de 27 EU-Länner um Mëttwochmoien erginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Zoonar | Berit Kessler
Foto: picture alliance / Zoonar | Berit Kessler

De Message wier kloer, sou eng Source: Et wier een dofir, d’Akraafttriede vum Gesetz ëm ee Joer ze verleeën, et wéilt een awer un der ursprünglecher Gesetzespropos vun der Kommissioun festhalen, ouni datt do eppes geännert gëtt. 

Lëtzbuerg huet och déi Positioun vertrueden.

Am Europaparlament hat sech déi lescht Woch op Initiative vun der Europäescher Vollekspartei eng Majoritéit dofir ausgeschwat, d’Gesetz a verschiddene Punkten ze labberen.

Elo sollen d’Vertrieder:inne vum Parlament, de Memberlänner an der Kommissioun sou séier wéi méiglech zesummekommen, fir den Delai offiziell ze decidéieren.