Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Geriicht kippt Sanktioune géint russeschen ex-Formel-1 Pilot

Kierchbierg

EU-Geriicht kippt Sanktioune géint russeschen ex-Formel-1 Pilot

D‘EU-Geriicht um Kierchbierg huet d‘Sanktioune géint de russeschen ex-Formel-1-Pilot Nikita Masepin gekippt. Dem Masepin säi Papp ass een enken Alliéierte vum Putin. Fir d‘EU-Geriicht géif dat awer keng Sanktioune rechtfäerdegen.

auto_stories

1 min

Formel 1-Pilot Nikita Masepin | © picture alliance / Laci Perenyi | Laci Perenyi
Formel 1-Pilot Nikita Masepin (Foto: picture alliance / Laci Perenyi | Laci Perenyi)

D‘EU-Länner hate wéinst dem russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain, decidéiert, dem Masepin säi Verméigen anzeréieren an him verbueden, an d‘EU anzereesen.

Domat war seng Karriär an der Formel 1, wou hien nieft dem Mick Schmacher bei der Ecurie Haas ënner Kontrakt stoung, eriwwer. Hie war géint d‘EU viru Geriicht gezunn an huet elo gewonnen: Déi europäesch Riichter hu fonnt, datt déi familiär Relatioun zu sengem Papp net duergeet, fir him gemeinsam Saach mat him virzegeheien.

Dem Masepin säi Papp ass een enken Alliéierte vum russesche President Putin an ee vun de mächtegste Geschäftsleit a Russland.