Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Bonbon fir d‘Baueren

EU-AGRARPOLITIK

EU-Bonbon fir d‘Baueren

D‘Bauereprotester sinn zu Bréissel ukomm, wou den EU-Sommet ass. Gëschter huet d‘EU-Kommissioun ee Versuch gemaach, d‘Gemidder duerch kléng Zougeständnesser ze berouegen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Baueren bis op Bréissel protestéiere kommen: 2020 (Foto) war dat och well de Fall. (Foto: picture alliance / NurPhoto)

D’Europäesch Kommissioun wollt een Dag virum EU-Sommet, eng wéi de Vizepresident vun der Kommissioun sot, "pertinent Kontributioun" zu de méiglechen Diskussiounen ënnert de Staats- a Regierungscheffe maachen.

„An de leschte Méint a Jore stoungen d’Baueren ëmmer méi ënner Drock. Dat aus verschiddene Grënn: Klimawandel, Biodiversitéitsverloscht, geopolitesch Tensiounen hu Produktiounskäschten an d’Luucht an d’Revenuen no ënne gedriwwen.“

Sou de Maros Sefkovic. Hien ass den EU-Kommissär, dee fir de Green Deal zoustänneg ass.

Obligatioun vu Brooche soll faale gelooss ginn

D’Kommissioun wëll de Baueren hëllefen. Konkret proposéiert si, d’Baueren dëst Joer vun enger Konditioun, déi un d’Ausbezuele vun EU-Subside geknäppt ass, ze befreien.

Zanter Ufank 2023 gëllen Ëmweltcritère wéi d’Obligatioun op mannst 4 Prozent vun den Agrarfläche brooch leien ze loossen. Der proposéierter Derogatioun no kriten d’Baueren d’Erlabnis, dat sinn ze loossen, an do awer bestëmmte Planzen unzebauen. Allerdéngs ouni chemesch Mëttelen anzesetzen. De Maros Sefkovic erkläert:

"D’Kommissioun wëll Drock ofbauen, an dozou bäidroen, datt d’Baueren iwwerliewe kënnen an dësen onsécheren Zäiten.“

Wéi vill dat allerdéngs effektiv de Baueren abrénge wäert, ass net gewosst. Genee Evaluatiounen doriwwer konnt Bréissel net liwweren. Ee grousse Benefice wier net ze erwaarden, mee et géif de Betriber sécher méi Flexibilitéit garantéieren, sou een EU-Diplomatin.

Ukrainesch Importer weider vun Taxe befreit

D’Europäesch Kommissioun wëll och de Bauerebetriber entgéint kommen, déi sech iwwer eng deloyal Konkurrenz aus der Ukrain beklot hunn. Ukrainesch Agrarproduiten, déi an d’EU importéiert ginn, sollen zwar ee weidert Joer dovu profitéieren, datt d’Douanestaxen dorop ausgesat ginn, sou eng weider Propose vu gëscht vun der Kommissioun.

Noutbrems fir EU-Baueren ze schützen

Hei sollen awer Protektiouns-Mechanismen agebaut ginn. Fir sensibel Produiten ewéi Zocker, Eeër a Gefligel ass eng Noutbrems virgesinn.

Gëtt ze vill dovun importéiert, sou datt den EU-Marché Schued hëlt, géifen automatesch Douanestaxen agefouert ginn, huet gëschter de Vizepresident vun der Kommissioun, de Margaritis Schinas, erkläert.

“Ech ginn dovun aus, datt dës Mesuren d’Kritiker berouegen a si dovun iwwerzeegen, datt mir hir Interête protegéieren, wann dat néideg ass.”

Déi extra Reegele fir d’Ukrain hate fir Debatten, virun allem an de Nopeschlänner, gesuergt. Polen Ungarn an d’Slowakei haten op eege Fauscht nees Taxen op Kären agefouert. Bréissel ass bis elo net dogéint virgaangen. Et wier awer net ausgeschloss, datt dat nach kënnt, sou och gëschter d’Kommissioun. 

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet