Eemol de Volet Accueil mat deem d‘Demandeurs besser sollen integréiert ginn a séieren Accès op den Aarbechtsmaart kréien. An eemol ëm de Volet Sécherheet, dee verschäerfte Reegelen virgesäit. De Volet Accueil huet de moien allerdéngs fir vill Kritik ënner den Oppositiounsparteie gesuergt.
Haut koumen nach zwee Avisen
Mam Fong vum Gesetz war d‘Oppositioun zwar averstanen, well et Verbesserunge fir d‘Demandeurs bréngt a besonnesch den Encadrement vu Mineuren ofgeséchert gëtt. Ma datt dësen Dënschdeg schonn am Plenum ofgestëmmt an den Text domat bannent nëmmen enger Woch duerch d‘Chamber muss, huet fir vill Kritik gesuergt. Dobäi sinn zwee Avisen de moien eréischt agereecht ginn, esou d‘Djuna Bernard vun déi gréng.
“Mee mir kruten effektiv elo zwee grondsätzlech Avise vum Flüchtlingsrot a vum UNHCR elo an der Stonn, wou mer zesumme souzen, dat ass keng Méiglechkeet, fir déi a Rou ze liesen, fir déi Remarken och hei kënnen anzebréngen. An dowéinst gesinn ech mech haut net an der Lag, fir hei e Rapport ofzestëmmen an ech wäert mech warscheinlech och muer dann net an der Lag gesinn, fir e Gesetz ofzestëmmen.”
"Iwwer de Knéi gebrach"
Den Zäitdrock géif um Enn dofir suergen dat den Text net optimal ass, esou d‘Liz Braz vun der LSAP.
“An dat ass déi grouss fundamental Kritik op deem heite Projet: Déi Prozedur, déi total iwwer de Knéi gebrach ginn ass, et schued herno der Praxis, datt mer kee kloren Text hunn, datt mer keen Text hunn, fir deen ee sech déi néideg Zäit geholl huet, fir mat allen Acteuren och ze schwätzen.”
Max Hahn: "Zwar séier mee gutt geschafft"
Och ënner anere Regierunge wiere Gesetzer scho mol ënner Zäitdrock gestëmmt ginn, esou den DP-Familljeminister Max Hahn. Well d‘Direktiv den 12. Juni muss a Kraaft trieden, misst séier geschafft ginn, dofir hätt een awer elo däitlech Verbesserunge fir d‘Demandeurs.
“Mech interesséiert de Fong vill méi wéi elo d'Durée. Jo, et ass richteg, hei ass séier geschafft ginn. Ech fannen awer och, datt ganz gutt geschafft ginn ass. Mech interesséiert de Fong ganz vill. An de Fong heescht hei ganz konkret, datt mer et méiglech maachen, datt de Flüchtling hei zu Lëtzebuerg méi séier besser wäert integréiert ginn.”
D‘Vertrieder vun LSAP, déi gréng an déi Lenk hu sech dann och beim Vott vum Rapport enthalen. Am Plenum soll muer ofgestëmmt ginn.