Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Asylpak: Accord en vue?

Migratiounspolitik

EU-Asylpak: Accord en vue?

D’Migratioun ass dee Sujet an der Europäescher Unioun, deen am ëmstriddensten ass. Jorelaang war ugeholl ginn, et wier net méiglech, sech iwwer eng Reform vum europäeschen Asylsystem eens ze ginn. Elo awer schéngt een Accord en vue ze sinn.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
D'EU-Kommissärin Ylva Johansson an den Inneminister Léon Gloden. (Foto: European Union)

Dat soen all Zäit déi dräi Institutiounen, nämlech d’Europaparlament, d‘Europäesch Kommissioun an d’Memberlänner, déi den Ament mateneen iwwer ee Kompromëss verhandelen. Haut sëtzen déi dräi Parteien dee ganzen Dag am sougenannten “Trilog” beieneen.

D’Reunioun vun n Donneschdeg ass vu moies fréi bis Mëtternuecht ugesat. Et wéilt ee sech Zäit ginn, fir méiglechst wäit virun ze kommen, huet et gëscht vu verschiddene Säite geheescht.

"D’Atmosphär ass konstruktiv. Ech mengen, mir ginn eis eens. Et bleiwen nach Hürde, mee ech sinn optimistesch.", sot virgëscht um Bord vun der Reunioun vun den EU-Inneministeren d’Kommissärin Ylva Johannson.

D'Sträitfro vun der Verdeelung

Och wann ee sech scho méi no koum, bleiwen nach gréisser Divergenzen tëscht dem Parlament an de Memberlänner. Do geet et zum Beispill ëm déi al Sträitfro vun der Verdeelung vu Refugiéen an der EU.

D’Länner ware sech eens, datt een do ee flexibele System op d’Bee setze muss. Ass ee Land iwwerfuerdert mat der Zuel vu Leit, déi ukommen, kënnen déi aner doduerch hëllefen, datt se entweder Flüchtlingen ophuelen, dem betraffene Land Sue ginn oder awer hëllefe besser Infrastrukture fir den Accueil opzebauen. D’Parlament wëll do den Accent méi op d’Solidaritéit leen an zum Beispill och obligatoresch Programmer fir d’Relokalisatioun vu Refugiéen an den Asylpakt integréieren.

Léon Gloden: "Ee Geben und Nehmen"

Sträitpunkt sinn och weider déi acceleréiert Prozeduren direkt op de Baussegrenze mat der Méiglechkeet, Refugiéen do a Campen anzespären. D’Parlament hält drop, datt Mineuren a Famille mat Kanner net gëllt. Däitschland an och Lëtzebuerg hate sech dofir agesat.

Dat bleift och esou, sot en Dënschdeg den neie Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden. Säin Androck, datt ee sech do kann eens ginn, war positiv op senger éischter Reunioun zu Bréissel

“Et ass mir gesot ginn, datt et wéi esou oft an der Politik, ee Geben und Nehmen ass an ech denken, datt mer och op dem heite Punkt een Accord fannen.”

Net eens ass ee sech och driwwer, ob d’Assistance juridique fir Refugiéen op de Grenze gratis soll sinn oder awer ob Refugiéen an Zukunft kéinten iwwerall, also net nëmmen op de Grenzen erausgefiltert ginn, fir se ze kontrolléieren an ze enregistréieren, oder ob dat just op der Grenz geschéien dierft.

D’Parlament leet iwwerdeems och Wäert drop, datt d’Sich- a Rettungsaktiounen um Mier an dat néidegt Ëmverdeele vun de Refugiéen dono, mat an de System opgeholl ginn. Doriwwer steet bis elo näischt am Text. Och vun der parlamentarescher Säit versécheren awer d’Negociateuren, datt ee sech wëll eens ginn, an datt een nach ni esou no dru war.

Partout een Accord?

Déi zoustänneg Ministeren hunn dat um Bord vun hirer Reunioun ënnerstrach - sou déck, datt ee bei verschiddenen den Androck hat, si wéilte partout een Accord. Sou zum Beispill déi däitsch Innenministerin Nancy Faeser.

"Für mich ist vor allem wichtig, dass wir zu einer Einigung kommen. Ich glaube, es müssen sich jetzt alle Seiten bewegen. Es geht jetzt nicht darum, im letzten Detail zu verharren."

D’EU brauch eng global europäesch Äntwert an der Asylfro. Do si sech all d’Säiten eens. Gëtt et keen Accord de principe méi nach dëst Joer, riskéiert de Sujet bis an de Walkampf d’nächst Joer ze schleefen, seet de Léon Gloden.

"An dat wëlle mir absolut vermeiden. Europa muss hei seng Responsabilitéit iwwerhuelen. An ech sinn iwwerzeegt, datt Europa mat de Memberstaaten dat och mécht.”

Kënnt et haut um Donneschdeg net zu engem Accord, ass eng weider Reunioun fir an där Woch viru Chrëschtdag geplangt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik