Radioen

On air

Resonanzen  |  Proffentrio aus dem Escher Conservatoire

play_arrow Live
search

/ E Wollef ass eventuell am Raum Dol ënnerwee

Gemeng Géisdref

E Wollef ass eventuell am Raum Dol ënnerwee

Am Raum Dol an der Gemeng Géisdref goufe viru kuerzem zwee Doudeg Schof fonnt, déi eendeiteg vun engem aneren Déier gerass goufen. Dat deelt d‘Naturverwaltung mat. Et kéint net ausgeschloss ginn, datt si vun engem Wollef ugefall goufen.

auto_stories

1 min

Wollef | © Federico Di Dio / Unsplash
Foto: Federico Di Dio / Unsplash

Analysen am Ausland sollen elo Gewëssheet bréngen.

Zënter 2017 goufen eenzel Wëllef zu Lëtzebuerg gesinn an nogewisen. 

D‘Naturverwaltung weist drop hin, datt d'Begéinungen tëschent Mënsch a Wollef ganz siele sinn. Wann et awer dozou kënnt, géifen déi Déieren de Mënsch wuel eemol observéieren, mee sech dann awer meeschtens zeréckzezéien.