Radioen

On air

Spektrum  |  Overmono - Good Lies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No ëmstriddenen Aussoen iwwer Heescherten: D'ALIA auto-saiséiert sech

Gesellschaft

No ëmstriddenen Aussoen iwwer Heescherten: D'ALIA auto-saiséiert sech

D‘ALIA mécht eng formell Instructioun op iwwert d‘Emissioun „Riicht eraus“ vum Simone Beissel an Astrid Lulling op Apart TV.

auto_stories

1 min

Simone Beissel an Astride Lulling | © Youtube / ApartTV
E Screenshot aus dem Video an deem déi ëmstridden Aussoe gemaach gi sinn

De Verwaltungsrot vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel huet sech selwer saiséiert, fir de Contenu vun där Emissioun ze analyséieren an ze kucken, ob e konform ass mat de Reegele fir audiovisuell Medien. Dat deelt d‘ALIA an engem Communiqué mat. Et kéint duerno zu Sanktiounen géint Apart TV kommen.

D‘Aussoen an der Emissioun zum Heescheverbuet vun der Stater Schäffen an DP-Deputéiert Simone Beissel si schaarf kritiséiert ginn, ënner anerem vun den Oppositiounsparteien déi gréng, LSAP an déi Lénk a vun der Mënscherechtskommissioun.

D‘Simone Beissel hat sech doropshin entschëllegt, mee och déi Entschëllegung gëtt kritiséiert.