Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Du Réel en BD: La bande dessinée témoigne et s’engage

BD-Ausstellung zu Bréissel

Du Réel en BD: La bande dessinée témoigne et s’engage

D’Welt vun de BDen ass immens villsäiteg. Wou se soss vun de Superhelden dominéiert gouf, si Comics lo och als journalistesche Medium beléift. Ee Musée zu Bréissel taucht an d’Geschicht vum Genre an huet dobäi och puer europäesch Indie Bijouen erausgesicht.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

D'BD-Ausstellung zu Bréissel | © Claire Bartelemy play_arrow
D'BD-Ausstellung zu Bréissel (Foto: Claire Bartelemy)

De Bréisseler Musée de la Bande Dessinée ass kee rouegen an andächtege Musée, jiddefalls net wa Schoulklassen dobannen ënnerwee sinn. Sou war et op engem Wochendag am Mäerz, wou tëscht de Panneaue belsch Schüler a Schülerinne matenee gelaacht hunn an och Notizzen an hir Hefter geschriwwen hunn. Vun deenen Erwuessen, déi do waren, huet keen sech um Kaméidi gesteiert.

Reportage-BD vum Joe Sacco

D’Ausstellung “Du Réel en BD: La bande dessinée témoigne et s’engage”  fänkt mam amerikanesch-malteesesche Journalist Joe Sacco un. Hien ass de Pionéier ënnert de Reportagen-Zeechner. Schonn an den 90er huet hien déif recherchéiert Alben iwwert Palästina an de Gaza Sträife rausbruecht an duerno och seng Zäit als Journalist wärend dem Krich a Bosnien dokumentéiert.

Interessanterweis zeechent hie wärend senge Recherchë bal guer net. Et wier him méi wichteg, souvill wéi méiglech mat de Leit ze schwätzen. Dobäi huet hien immens schlëmm Saache gesinn, déi virun allem da bei him aschloen, wa si se zeechent.

“It's sort of does hit you in a way it didn't hit you even in the field. It doesn't hit you, or didn't hit me, in the same way. It's for me, it's harder on the drawing table,” sou de Joe Sacco an engem Interview am Musée.

Och de russesche Krich an der Ukrain ass een Theema

Och gëtt vill Plaz dem Kanadier Guy Delisle zougedeelt, dee virun allem fir seng Chroniken aus Jerusalem, Shenzhen a Pyonyang bekannt ass. 

Et ass net ëmmer einfach, als Journalist an Diktaturen oder Krichsgebitter ze schaffen. Kënschtler awer falen net sou op. Den Nicolas Wild war zum Beispill 2022 heemlech a Russland gereest fir u sengem Band “À quoi pensent les Russes?” ze schaffen. Hien huet do mat Leit iwwert de Krich an der Ukriane geschwat an d’Gesellschaft ënnert dem Vladimir Putin beschriwwen. Eng wäertvoll Aarbecht, zumools nodeems vill Korrespondenten aus dem Land ausgewise goufen.

“À quoi pensent les Russes?” vum Nicolas Wild | © Claire Barthelemy
“À quoi pensent les Russes?” vum Nicolas Wild (Foto: Claire Barthelemy)

Ganz vasten Theemeberäich

Mee nieft Krich a Politik behandelt d’Documentaire-BD nach immens vill aner Themen, an dat reflektéiert d’Ausstellung. 

“On peut revisiter l’histoire, on peut parler de conflit et migration, on peut parler de santé mentale donc c'est vraiment très vaste comme champs et c’est ça qu'on a voulu transmettre par l’exposition,”  sou d’Tine Anthony,d'Directrice-adjointe vum Musée.

BDe sinn awer och ganz effektiv an der Educatioun. Fir Jugendlecher iwwert d’Muecht vun de Tech Firmen opzeklären, hunn de Baptiste Bouthier an de Cyril Elophe de Comic “Sous Emprise” geschriwwen. Logoe vun de GAFAM, also Google Apple Facebook Amazon a Microsoft, schwiewen hei iwwert de Käpp vun de Leit, all Kéiers wann se Produkter oder Software vun dëse Firme benotzen. An dat ass an eisem Alldag, wéi der et vläicht selwer kennt, immens oft.

Schwéier Theeme kënnen an de BDe bëssen mei liicht verpaakt ginn. Sou och de Comic “Vivre avec les Attentats,” erëm vum Elophe a Bouthier. Um Titelbild stinn zwee arméiert Zaldoten, hannert hinnen e Schëld vun Zaventem. Et geet hei em d’Attentat um Bréisseler Flughafe vun 2016, an an dëser BD ginn et Tuyaue wéi ee sech a sou Situatioune verhale soll. Et soll ee roueg bleiwen, sech a Sécherheet bréngen, an dann den 112 ruffen. Dat alles ass immens flott gezeechent mat Personnagen, déi frëndlech Gesiichter hunn.

“Vivre avec les Attentats" vum Elophe a Bouthier | © Claire Barthelemy
“Vivre avec les Attentats" vum Elophe a Bouthier (Foto: Claire Barthelemy)

BDe vu bekannten a vu manner bekannte Kënschtler

Aner beléifte Genrë sinn Autobiographien. Do ginn et och vill immens perséinlech Geschichten. Sou zum Beispill der Christina Færch-Jensen hire Comic “The Riot in Social Psychiatry” an deem si hir Erfarung als Psychiatrie Patientin am dänesche Gesondheetssystem beschreift, a wei se dono selwer Patienten hëllefe konnt. Ganz onerwaart huet hir do hiert Studium an der Geologie gehollef.

D’Ausstellung am Bréisseler Musée ass genau dofir sou wäertvoll, well se nieft de berüümten Zeechner wei de Guy Delisle an de Joe Sacco och Indie BDen aus Europa weist, déi ee soss vläicht nëmme schwéier entdeckt hätt. Mam grousse BD-Bicherbuttek an der flotter Brasserie Horta kann een sech am Musée e puer flott Stonne maachen.

An natierlech ass Bréissel, als "capitale de la bande dessinée," mat senge ville Bicherbutteker a Comics op de Façaden, ëmmer eng Rees wäert.

Dës Ausstellung ass nach bis den 6. Abrëll zu Bréissel am Musée de la Bande Dessinée ze gesinn.

Lauschterenplay_arrow