Domat sinn d’Riichteren an dësem Terrorismus-Prozess der Fuederung vum Vertrieder vum Parquet nokomm, dee genee dës Strofe gefuerdert hat.
Allerdéngs sollen déi dräi Männer, déi haut tëschent 31 an 38 Joer al wieren, dout sinn.
D’Urteel am Prozess géint de presuméierten IS-Kämpfer Steve Duarte vu Meespelt – deen nach um Liewe soll sinn, gëtt de Méindeg gesprach. Fir hien hat d’Vertriederin vum Parquet viru knapp engem Mount liewenslängleche Prisong gefuerdert.