D’Police an d’Justiz an enger Rei Länner géife wéinst méiglecher Korruptioun bei Rüstungsopträg iwwer d’NATO ermëttelen, heescht et.
De Lëtzebuerger Parquet hat um Mëttwoch ee Groussasaz vun der Lëtzebuerger Police gemellt, a Relatioun mat Fonctionnairë vun der NATO-Agence NSPA (NATO Support and Procurement Agency). Viséiert wieren aktiv a pensionéiert Beamte vun der NSPA. Hinne gëtt virgehäit, hir Fonctioun genotzt ze hunn, fir sech perséinlech ze beräicheren.
Et kéint ëm Kontrakter fir Dronen a Munitioun goen
Wéi d’Agence DPA um Donneschdeg schreift, géifen et Hiweiser ginn, datt Suen aus den illegale Praktiken gewäsch gi wieren. Als Beispiller fir méiglech betraffe Kontrakter ginn där fir Dronen a fir Munitioun genannt.
Zum méigleche Schued an zur Héicht vun der Korruptioun ginn et keng Informatiounen. Onkloer ass och, wéi eng Rüstungsentreprisë vun den Informatioune kéinte profitéiert hunn.
Iwwer d’NATO-Agence NSPA gi reegelméisseg Waffesystemer a Munitioun a Milliardenhéicht akaaft.