search

/ Doud vu Kand um Wantermaart: 10 Persoune komme viru Geriicht

Justiz

|
reading time

1 min

Doud vu Kand um Wantermaart: 10 Persoune komme viru Geriicht

Et kënnt zu engem Prozess am Dossier vum Doud vun engem klenge Kand um Stater Wantermaart viru 6 Joer: 10 Persoune musse sech viru Geriicht veräntweren, dorënner d‘Sculpteuren, d‘ASBL Luxembourg City Tourist Office, Mataarbechter dovun a verschidde Beamte vun der Stad Lëtzebuerg.

reading time

1 min

Cité judiciaire | © Laura Paredis / Pexels
Cité judiciaire (Foto: Laura Paredis / Pexels)

Dës Entscheedung huet d‘Chambre du Conseil vum Appellsgeriicht geholl.

Ee Kand vun zwee Joer war deemools gestuerwen, wéi eng Äisskulptur um Wantermaart um Knuedler an der Stad op et gefall war.

Den Ugeklote gëtt Homicide involontaire virgehäit. Si riskéieren eng Prisongsstrof vu bis zu 2 Joer an eng Geldstrof vu bis zu 10.000 Euro.

Et gëtt nach kee fixen Datum fir de Prozess. E kéint am Summer d‘nächst Joer sinn, heescht et nach vun der Justiz.

Et gëllt d‘Présomption d‘innocence.