Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Billie Marten - Crown

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Doppingprozedur: Sportsminister rechent geschwë mat Sanktiounen

Lëtzebuerger Sport

Doppingprozedur: Sportsminister rechent geschwë mat Sanktiounen

An der Doppingprozedur géint eng Persoun am Lëtzebuerger Sport rechent de Sportminister Georges Mischo geschwë mat enger Sanktioun. Et géif sech ëm eng Persoun aus dem Eenzelsport handelen, aus enger olympescher Disziplin.

auto_stories

1 min

ALAD | © Chris Zeien

D'Persoun hätt sech awer net fir déi Olympesch Spiller qualifizéiert gehat.

An engem rezente Schreiwes vun der Lëtzebuerger Doppingagence huet et geheescht, datt déi Persoun bannent 12 Méint entweder 3 Doppingkontrolle verfeelt hätt oder verpasst hätt ze mellen, wou se dru wier, fir kënne kontrolléiert ze ginn.

Déi betraffe Persoun hätt och d'Méiglechkeet kritt, fir de Feeler anzegesinn an déi maximal Spär vun zwee op ee Joer reduzéiert ze kréien. Déi Propos wier net acceptéiert ginn. Déi concernéiert Persoun hätt sech och mëttlerweil en Affekot geholl.

Conseil de discipline de dopage gouf saiséiert

An dem Fall saiséiert d'ALAD de Conseil de Discipline de dopage. Domat statuéiert elo eng onofhängeg Instanz iwwer de Fall, erkläert de Loïc Hoscheit am 100,7-Interview.

An den nächste Woche wäert de Conseil de discipline souwuel de Sportler wéi och d'ALAD héieren an eng Decisioun treffen, esou nach de Loïc Hoscheit. Am Fall wou eng Partie net averstane mat der Decisioun wier, gëtt et eng Méiglechkeet fir an Appell ze goen.