Den Donald Trump steet den Ament ënner staarkem Drock wéinst sengen eegene Relatioune mam Sexualstroftäter Jeffrey Epstein. Am Walkampf hat den Donald Trump versprach, all d‘Dokumenter aus den Enquête géint den Jeffrey Epstein ze verëffentlechen. Bis elo gouf awer just en Deel dovun ëffentlech gemaach.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Sexualstroftäter
|Donald Trump wëllt Lienen tëschent Jeffrey Epstein an Demokraten ënnersichen
Den US-President Donald Trump wëllt de Justizministère an den FBI froen, no Lienen tëschent dem Sexualstroftäter Jeffrey Epstein an demokratesche Perséinlechkeeten ze ënnersichen. Dorënner och de fréiere President Bill Clinton. Dat huet den US-President op senger Plattform Truth Social ugekënnegt.
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey)