Domat géif den US-President Donald Trump déi héchste Grenz vun engem Handelsgesetz notzen, ob dat hie sech fir déi nei Tax berifft.
D'Supreme Court hat dem President ee Freideg verbueden, op Basis vun engem Noutstandsgesetz, Taxen op den Import vu Wueren aus ville Länner ze verhänken.
Den Donald Trump hat ugekënnegt, aner Weeër wëllen ze notzen, fir seng Politik duerchzesetzen. Déi 15 Prozent, déi hien elo genannt huet, sinn een Deel dovun.
Onkloerheeten no Geriichtsentscheedung
Onkloer ass fir de Moment wat mam Handelsaccord mat der Europäescher Unioun geschitt.
Onkloer ass och, ob Taxen, déi bis elo scho bezuelt goufen, mussen zréck bezuelt ginn. Rieds geet dobäi vu ronn 175 Milliarden US-Dollar.