D‘Zomm vu 454 Milliounen Dollar entsprécht enger Geldstrof plus Zënsen.
Et ass onkloer, ob den Donald Trump dës Suen a liquider Form huet, wann net, dat kéint d‘Justiz schonn haut éischt Schrëtt huelen, fir Immobilië vum Trump ze confisquéieren.
An dëser Affär gouf den Donald Trump wéinst Bedruch verurteelt well hien de Wäert vu sengen Immobilië jorelaang kënschtlech opgeblosen hat fir méi gënschteg Kreditter an Assurancen ze kréien.