search

/ Donald Trump huet nei Import-Tax vun 10 Prozent ënnerschriwwen

USA

|
headphones

1 min

Donald Trump huet nei Import-Tax vun 10 Prozent ënnerschriwwen

No senger Néierlag um Freideg virum Ieweschten US-Geriicht, huet den US-President Donald Trump d’Dokument ënnerschriwwen, fir eng nei Tax vun 10 Prozent op Importer aus aller Welt a Kraaft ze setzen. Dës nei Tax soll vun een Dënschdeg u gëllen, huet d’Wäisst Haus matgedeelt.

headphones

1 min

Den US-President Donald Trump | © EPA/BONNIE CASH / POOL
Den US-President Donald Trump (Foto: EPA/BONNIE CASH / POOL)

D’Wäisst Haus huet och matgedeelt, datt et bei der neier Importtax vun 10 Prozent eng ganz Rei vun Ausname soll ginn: si soll net fir Pharma-Produkter gëllen, an zum Beispill net fir Autoen a schwéier Camionen.

Den US-President Donald Trump hat matgedeelt, hien hätt eng “weltwäit 10-Prozent-Tax fir all Länner” ënnerschriwwen.

Dat Iewescht Geriicht an den USA hat um Freideg decidéiert, datt hien an der Vergaangenheet Taxen net iwwer een Noutstandsgesetz hätt dierften entscheeden.

Tax op Basis vun Handelsgesetz vun 1974

Duerno hat et vum US-President geheescht, datt hien “alternativ Weeër” wéilt notzen, fir u senger Strategie festzehalen.

Fir seng nei Tax vun 10 Prozent baséiert den Donald Trump sech op een Handelsgesetz vun 1974: dëst erlaabt et, Taxen op Importer fir een Zäitraum vu bis zu 150 Deeg opzehiewen.

Fir méi e laangen Zäitraum bräicht de President d’Zoustëmmung vum US-Parlament.