arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Donald Trump dreet dem Iran op en Neits mat engem "beispilllose" Wirtschaftskrich

Krich géint den Iran

|
reading time

1 min

Donald Trump dreet dem Iran op en Neits mat engem "beispilllose" Wirtschaftskrich

Den US-President ass rosen, well et nach ëmmer keen Durchbroch bei de Verhandlunge mam Iran gëtt. Den Trump huet sech op Truth Social geäussert a geschriwwen, datt all Land, dat den Iran ënnerstëtzt, mat massive wirtschaftleche Konsequenze misst rechnen.

reading time

1 min

© EPA/AL DRAGO
(Foto: EPA/AL DRAGO)

Den Donald Trump huet een Appell un all d'Alliéiert gemaach fir d'Bedroung, déi géif vum Iran ausgoen, ze stoppen. Dobäi huet hie Mesurë vun historeschem Ausmooss géint den Iran annoncéiert. Detailer, wat genee hien domat mengt, huet hien op en Neits net genannt.