arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel zitt sech just aus der Gazasträif zeréck, wann Hamas komplett desarméiert gëtt

Friddensrot

|
reading time

1 min

Israel zitt sech just aus der Gazasträif zeréck, wann Hamas komplett desarméiert gëtt

Dee sougenannte Friddensrot vum US-President Donald Trump huet elo matgedeelt, datt Israel sech just aus der palästinensescher Gazasträif zeréckzitt, wann déi radikal islamistesch Hamas keng Waffe méi huet.

reading time

1 min

© EPA/MOHAMMED SABER
(Foto: EPA/MOHAMMED SABER)

De Friddensrot huet den Optrag, déi zweet Phas vum Friddensplang fir Gaza ëmzesetzen. Allerdéngs sinn d‘Positiounen den Ament blockéiert, well och d‘Hamas hirersäits insistéiert, datt si hir Waffen nëmme komplett nidderleeën, wann Israel sech ganz aus der Gazasträif zeréckzitt.

Israel fiert iwwerdeems weider mat den Attacken op d'Gazasträif.