Am Missouri wier hien op 100 Prozent vun de Stëmme komm. Am Idaho ass hien op eng 84 Prozent komm. Seng eenzeg Konkurrentin, déi nach an der Course ass, déi fréier amerikanesch UNO-Ambassadrice, kënnt op knapp 14 Prozent.
En Dënschdeg ass de sougenannte Super Tuesday. Da gëtt an enger Dose Bundesstaate gewielt. Der Haley gi praktesch keng Chancë virausgesot, d’Steier nach emol erëm ze rappen. Nom Super Tuesday kéint si deemno d’Handduch geheien.