D'Resultat aus der Etude weist: Diskriminéierung hei am Land ass am Logement Secteur am gréissten. All 2. huet deemools ugi bei der Recherche vun engem Logement diskriminéiert ginn ze sinn.
An der d'Stad begéine mir dem Naim. Hien ass viru knapps dräi Joer fir d’Aarbecht aus dem Maroc op Lëtzebuerg geplënnert. Bei enger Taass Espresso erzielt hie mir, datt säi Start hei am Land net esou gutt war.
"Même si j'ai une chambre que j'ai déjà réservée,mais la réservation n'était pas complète parce que j'ai pas payé, parce quej'ai pas le moyen de paiement bancaire."
Déi éischt puer Nuechte misst hien an engem Hotel schlofen. Well d’Agence säi Boergeld net unhuele wollt. Hien hat d’Gefill datt si him mësstrauen.
"On a de l’argent, mais on ne peut pas payer. Donc ça déjà c'est une certaine entrave qu'on rencontre un petit peu ici au Luxembourg. Parce que quand les gens te voient au cash, bah ils se disent: tu viens du Marroc avec 4 .000 Balles du cash?"
Ethnie oder reliéis Ausriichtung ausschlaggebend
Keen Eenzelfall, och eng Etude vun der uni.lu - vum Mee 2025 bestätegt dëst: Leit aus net EU-Länner, dorënner virun allem Jonker, souguer wann se gutt verdéngen, hunn d’Gefill op Base vun hirer Ethnie oder reliéiser Ausriichtung, am Logement Secteur hei am Land diskriminéiert ze ginn.
Als nächst féiert meng Recherche mech an de Süde vum Land. Hei hunn ech Rendez-Vous mat enger Agent Immobilière an hirer Aarbechtskolleegin. Si hu selwer Migratiounshannergrond. Déi zwou Frae bleiwen an dëse Reportage anonym.
Keen Eenzelfall
Rassismus vis-a-vis vu potentielle Locatairë begéine si an hirem Aarbechtsalldag reegelméisseg. Nach just den Dag virun eisem Interview, hat ee Client ganz konkret Virstellungen u wéi eng Nationalitéiten d’Agence seng Proprietéit dierft an d’Location ginn.
"Pas au Capverdien. Ils vont dire peut -être portugais. Hier, il a dit « portugais ». Oui. Il a dit limite portugais. Oui, on était choqués."
Allgemeng géife Proprietäre sech heefeg fir Leit mat lëtzebuergeschen Numm entscheeden, wann et drëms geet hier Wunneng ze verlounen:
"Si seet Nee, mir si guer net rassistesch. Mee wann ech den Dossier presentéieren ass et direkt nee."
Dat heescht obwuel potentiell Locatairen de selwechte Profil hunn: en CDI, en equivalente Salaire oder soss identesch Garantien, ginn déi mat engem auslännesch kléngen den Numm bei der Sich no engem Logement benodeelegt.
Egal ob Locatioun oder de Kaf vun enger Wunneng
Eng rezent Etude vum LISER, weist, datt dëst Phänomen och bei der Vente vun enger Immobilie zoutrëfft. Fiktiv Haiser oder Wunnenge vu Leit mat engem afrikaneschen Numm si vun de Participante systematesch als manner héichwäerteg ageschat ginn.
Dat zesumme mat engem Marché dee souwisou schonn extrem ugespaant ass, schéngt eng besonnesch schwiereg Konstellatioun zesinn.
No e puer Deeg kritt den Naim – deemools am Abrëll 2023 – dann endlech d‘Schlëssele fir seng Wunneng. Ee Kolleeg huet him gehollef an d’Suen iwwer säi Konto iwwerwisen. Den Naim ass zefridden. Elo kann hie richteg zu Lëtzebuerg ukommen. Hien muss sech just nach op senger néier Adress umellen.
"Je suis parti à la commune d'Esch, parce que la chambre était à Esch. Après, je lui communique l'adresse. Après, il me répond par le fait que la maison, elle était en statut en cours deconstruction. Et je suis dans l'impossibilité de compléter ma démarche d'inscription."
Dës Informatioun kënnt fir de Naim absolut onerwaart: D’Appartement wier fäerdeg gewiescht, kee Chantier wäit a breet, wéi hie mir erzielt.
Datt hie sech op senger Adress net umelle kann, stellt den Naim virun e weidere Problem: Fir säin Titre de Séjour unzefroen, brauch hien eng “Preuve d’un Logement approprié”, wéi et um Site vu myguichet nozeliesen ass. Heifir huet hien dräi Méint Zäit. An ouni Adress kann den Naim kee Kont bei enger Bank opmaachen.
Ee Problem féiert zum aneren
Hien fillt sech eleng gelooss a muss weiderhin iwwerall mat Boergeld bezuelen. De Stigma vum Auslänner bléift.
D’Fondation pour acces aux Logement hëlleft Mënschen, déi um private Marché hei am Land keng Wunneng fannen, ënnerdaach zekommen. D’Associatioun betreit aktuell ronn 800 Ménagen. Vun der Logementskris wiere vill Leit betraff, egal vu wéi enger Nationalitéit, esou d’Diella Galani, Chef vum Departement sociale vun der Fondatioun. Rassismus géif schonn existéieren, mee et wier schwéier dëse gräifbar ze maachen.
Den Naim wunnt entre temps an engem Studio um Belval. Hien hat Chance, datt hien dës Wunneng ënnerhalb vun dem Delai vun 90 Deeg fonnt hat, seng Pabeiere konnt an d’Rei maachen, a sech zu Lëtzebuerg aliewe konnt. Fir hien ass et nach eemol gutt ausgaangen.
Op meng Fro wat sech ännere misst fir dem Rassismusproblemer am Logement entgéint zewierken, wosst de Naim kee Rot. An och déi Jonk Agente Immobilière hat keng Äntwert.
"Dat ass courage, c'est un débat."
De Familljeminister ënner der Leedung vum Minister Max Hahn, ass zoustänneg fir de Plan d’action géint Rassismus. Op eis Nofro hin huet de Ministère confirméiert, datt den Anti-Rassismus-Plang nach bis Enn dës Jores an de Regierungsrot soll.