Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Direktioun vun Ampacet an OGBL hu Gespréicher erëm opgeholl

Sozialdialog

Direktioun vun Ampacet an OGBL hu Gespréicher erëm opgeholl

Bei der Entreprise Ampacet zu Diddeleng schwätzen den OGBL an d’Direktioun erëm mateneen. Iwwert de Weekend wier d’Gespréich erëm opgeholl ginn, esou de Mëtteg am 100,7-Interview de Stefan Osorio-König vum Onofhängege Gewerkschaftsbond, dat um 22. Dag vum Streik beim Granulat-Produzent. RTL hat virdru gemellt, datt erëm Verhandlungen tëschent Direktioun an OGBL solle lafen.

auto_stories

2 min

D’Fuerderunge wieren déi selwescht, wéi um Ufank vum Streik de 27. November bei Ampacet zu Diddeleng, seet de Stefan Osorio-König vum OGBL.

„D’Haaptfuerderung war natierlech vun eis vun Ufank un fir de Kollektivvertrag zréck ze kréien, dee jo gekënnegt gouf.“

Hie wier och optimistesch, datt een e Kollektivvertrag mat Verbesserunge kéint erreechen.

“Mir hoffen alleguerten, datt mir d’Feierdeeg bei der Famill kënne verbréngen”, esou de Gewerkschaftler zu enger méiglecher Eenegung mat der Direktioun.

Nach näischt Konkretes

Nach hätt een näischt Konkretes, esou d’Presidentin vun der Personaldelegatioun bei Ampacet Luxembourg, Saliha Belesgaa. Et géif een awer zouverversiichtlech a bleiwen.

Nach ëmmer géif ee ganz groussen Deel vum Personal streiken, eng 50 Leit, betount d’Presidentin vun der Personaldelegatioun.

„Oui, toujours. On a quelques briseurs de grève, avec des personnes délégués de la LCGB.“

Betrib produzéiert näischt méi

Et wéisst een, datt wéinst dem Streik bei Ampacet zu Diddeleng näischt méi produzéiert gëtt, esou haut nach de Stefan Osorio-König vum OGBL.

Zënter dem 27. November gëtt bei Ampacet an der Industriezon Wolser zu Diddeleng gestreikt.

Lauschterenplay_arrow