Bis 2030 sollen europawäit 80 Prozent vun de Leit digital Grondfäegkeeten hunn. Dat ass d‘Zil vun der EU. Eng Initiativ um Wee dohi kënnt vum Lëtzebuerger Digitaliséierungsministere, deen elo erëm - déi 4te Kéier schonn - en Appel à projets gemaach huet.
Mol innovativ, mol méi klassesch
No esou engem Appell komme mol ganz innovativ Projeten eran, mol sinn se och méi klassesch, erzielt de Ben Max vum Digitaliséierungsministère. An de leschte Jore goufen zum Beispill Projeten ënnerstëtzt, déi virgesinn hu fir Senioren d’Basis vum Digitalen ze erklären. Et waren och Projeten déi divers Hëllef fir Leit mat Behënnerung ugebueden hunn.
An de vergaangene Jore gouf et ënner anerem och e Projet, dee sech klengen Entreprisen ugeholl huet, déi nach net déi néideg digital Kompetenzen haten.
Vu 5.000 Euro u kënne Projete mat maachen, de Ministère huet eng Gesamtenveloppe vun 250.000 Euro. D‘lescht Joer sinn 32 Projeten era komm, 5 goufen der finalement zréckbehalen.