Op der 17. Editioun vum Digi Rallye d’lescht Woch gouf de Stroum ofgeschalt an d’Kanner hunn a verschiddene Spiller an Diskussiounen déi wichtegst Reegele fir den Ëmgank am Internet kennegeléiert. Alles ganz analog.
Op eemol ass et däischter. Kee WiFi, kee Bildschierm, kee Stroum. Am Forum um Campus Geesseknäppche fänkt fir ronn 140 Kanner eng ganz speziell Missioun un: Fir déi fiktiv Stroumpann ze léisen, musse si duerch 6 verschidden Atelieren, déi jeeweils eng hallef Stonn daueren. Néierens soll dobäi een Tablett oder ee Computer benotzt ginn. An awer ginn an all Atelier digital Theemen ugeschwat, erkläert d’Elise Laera vu Bee Secure:
"Et sinn nëmmen analog Atelieren, wou kee Stroum dierf benotzt ginn. Awer all Atelier representéiert eng Gefor, déi een um Internet erlieft."
Mam Freundebuch un d'Grenze vun der Privatsphär
De fiktive Stroumausfall déngt also als ee pedagogescht Mëttel, fir online Risike konkreet ze erklären. Dës géif een am beschte verstoen, wa se analog erlieft ginn, esou nach d’Iddi hanner dem Digi Rallye.
Et geet ënner anerem ëm Dateschutz, ëm Desinformatioun, an ëm Online-Challengen.
An engem Workshop zum Beispill mussen d’Kanner eng Säit aus engem Freundebuch ausfëllen. E scheinbar harmlose Klassiker: D’Kanner droen Numm, Alter an Hobbyen an a kommen dobäi séier un d’Grenze vun der Privatsphär.
“An dann diskutéiere mir: Wëlle mir datt déi Informatioune gedeelt ginn? Mir hunn oft dann Äntwerte vun de Kanner, jo, ma dat si jo nëmme Kolleegen. Mee d’Freundebuch geet jo och un d'Kolleege vun de Kolleegen. An esou representéiert dat e bëssen, wat op Social Media och geschitt."
Mat Erfarungen amplaz Verbueter Bewosstsi schafen
Eng Partie vun de Kanner tëschent 8 an 12 Joer, déi bei dësem Rallye matmaachen, hu scho Konten op soziale Reseaue wéi Snapchat, Instagram oder TikTok. Nom éischte Workshop hu si geléiert, wéi eng Informatioune si an Zukunft net méi esou einfach iwwer sech präisginn.
D’Haaptzil vum Digi Rallye: Bewosstsi schafen. Net mat Verbueter, mee mat Erfarungen, esou nach d’Elise Laera.
"Et muss jo, also et ass net do fir ze soen, datt et schlecht oder gutt ass, mee et ass wierklech just, fir eeben alles, wat mir um Internet maachen, eng Kéier an der Realitéit ze maachen."
Um Enn vum Dag kommen all d’Gruppen dann nach eemol zesummen a ginn déi wichtegst Reegelen nach eemol duerch. Dozou gehéiert d’Benotze vu séchere Passwierder, d’Iwwerleeë virum Klicken an eng gesond Screen-Life-Balance.