Radioen

On air

Kultur um 5  |  Eng Tragedie an der Tragedie

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dierf den Donald Trump sech bei de Virwale presentéieren?

Supreme Court decidéiert

Dierf den Donald Trump sech bei de Virwale presentéieren?

An den USA soll d'Supreme Court decidéieren, ob den Donald Trump sech bei de Virwale fir déi republikanesch Presidentschaftskandidatur dierf presentéieren oder net. D‘Gericht wäert sech dem deementspriechenden Dossier unhuelen, gouf matgedeelt. Dee soll den 8. Februar verhandelt ginn. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy)

Den Donald Trump huet sech un d'Supreme Court adresséiert, dat wéinst enger Decisioun aus dem Bundesstaat Colorado, derno hien net kandidéieren dierf. Dat iewescht Gericht aus Colorado huet virun e puer Woche fonnt, den Trump dierft net untrieden, wéinst senger Roll bei der Attack op de Kapitol virun dräi Joer.

D'Supreme Court vun den USA ass an der Majoritéit ma konservative Riichter besat. Analysten erwaarden eng Decisioun zu Gonschte vum Donald Trump.

Iwwerdeems huet den demokratesche President Joe Biden bei enger Ried a Pennsylvania eng frontal Attack op säi méigleche republikanesche Géigekandidat lancéiert. Den Trump géif sech der Rhetorik vun den Nazie bedéngen, esou de Biden. Den Donald Trump wier prett déi amerikanesch Demokratie ze sacrifiéieren, fir un de Pouvoir ze kommen.