Radioen

On air

9 bis 1  |  The Human League - Seconds

play_arrow Live
search

/ Dëschtennisfederatioun: Aussoe vun der Sarah de Nutte hunn der Federatioun geschuet

Bei den Olympesche Spiller

Dëschtennisfederatioun: Aussoe vun der Sarah de Nutte hunn der Federatioun geschuet

Bei der Dëschtennis-Federatioun ass d’Kritik vum Sarah de Nutte a vum COSL bei den Olympesche Spiller zu Paräis nach net verquësst. Ënnert dem Titel “Opaarbechtung vun den Olympesche Spiller” huet d’FLTT dofir iwwer Mëtteg hir Positioun dozou duergeluecht. De President André Hartmann an de Sportdirekter Heinz Thews hunn der Kritik vun der Sarah de Nutte dobäi widdersprach, datt hire Privattrainer Peter Teglas si zu Paräis net hätt däerfe coachen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Et géif een d’Aussoe vun der Sarah de Nutte bedaueren an et misst ee se richtegstellen, sou den André Hartmann. Et wier schued, datt een d’Spillerin eréischt an zwou Woche kéint gesinn an de COSL - mat deem een zanter laangem verschidde Meenungsverschiddenheeten hätt - eréischt den nächste Mount. Eng Richtegstellung wier wichteg, well d’Aussoen der Federatioun geschuet hätten.

Speziell Akkredidatioun fir de Peter Teglas

Fir den Heinz Thews hat d’Sarah de Nutte am November de Wonsch geäussert, hire Privattrainer Peter Teglas zu Paräis un der Säit ze hunn. Woubäi deen am Virfeld vun den Olympesche Spiller méi Beroder wéi Trainer gewiescht wier.

“Die Formulierung, dass er bei jedem Training dabei war, ist nicht haltbar, weil er höchstens bei 30 Prozent der Trainings wirklich in der Halle war.”

De Chef de mission Raymond Conzemius hätt de Wonsch vum Sarah de Nutte ënnerstëtzt, wouropshin de Peter Teglas am Juni eng speziell Akkreditatioun kritt hätt, déi um Enn déiselwecht war, wéi dem Tommy Danielsson seng. Well de Spillplang de 27. Juli ganz enk getakt war, hätt d’Sarah de Nutte mam Tommy Danielsson awer de beschtméiglechen Trainer voll zur Verfügung gehat.

De COSL hätt sech net un d'Ofmaachung gehalen

D’Sarah de Nutte wier net vun der FLTT am Stach gelooss ginn, betount den Heinz Thews. Wouropshin den André Hartmann erkläert huet, datt sech d’Federatioun un d’Ofmaachung vu virun de Spiller gehalen hätt, am Géigesaz zum COSL.

“Och am Interview huet de Raymond Conzemius gesot: Mir halen eis un d’Ofmaachung. Mitnichten!”

Den Austausch mat der Sarah de Nutte a mam COSL dierft deemno méi ugespaant ginn. Fir den FLTT-President géif d’Federatioun ganz oppen an déi Gespréicher eragoen, awer nofroen, firwat déi Aussoe gemaach goufen.

Aktualitéit
Olympesch Spiller 2024