Radioen

On air

Moiesstudio  |  De Wanter ass scho laang do

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Recettë vum Staat sollen 2025 méi staark klamme wéi d’Depensen

Depot vum Budget 2025

D’Recettë vum Staat sollen 2025 méi staark klamme wéi d’Depensen

De Finanzminister Gilles Roth huet de Projet fir de Staatsbudget 2025 um Mëttwochmoien an der Chamber deposéiert an déi grouss Linnen doraus presentéiert. Sou soll et beim Zentralstaat d’nächst Joer een Defizit vun 1,3 Milliarden Euro ginn. D’Recettë sollen 2025 méi staark klammen, wéi d’Depensen.

auto_stories

5 min

headphones

2 min

play_arrow
De Finanzminister Gilles Roth bei der Presentatioun vum Budget 2025. (Foto: Chambre des députés)

Den CSV-Minister huet ugekënnegt, datt et beim Gesamtstaat bis 2028 mat, een Defizit wäert ginn. Trotz héijen Investissementer soll d’Staatsschold sech dat nächst Joer op 27,5 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung stabiliséieren. 

Trotz allen Ongewëssheeten géif et ekonomesch biergop goen, esou ee vun den zentrale Message vum Gilles Roth a senger Budgetsried. Ënner anerem fir den Defizit ze decken, misst de Staat och an Zukunft reegelméisseg Sue léine goen.

1.350 nei Poste beim Staat

Fir de Bausecteur weider ze ënnerstëtzen, wäerten all Keefer vun Immobilie réckwierkend op den 1. Oktober a bis Enn Juni 2025 just nach d’Hallschent vun den Enregistrementskäschte bezuelen, huet de Finanzminister ugekënnegt.

"Anescht gesot, den Enregistrement gëtt also vun elo a fir déi nächst néng Méint just nach op der Hallschent vum Akafspräis berechent."

Donieft huet de Gilles Roth annoncéiert, datt d’Recettë vum Staat 2025 ënner anerem duerch ee weidert Eropsetze vun den Akzise solle klammen. Dat ëm 5,5 Prozent op den Zigaretten an um Tubak.

Oppositioun reagéiert kritesch - Koalitiounsparteie spueren net mat Luef

Beim Staat sollen 2025 1.350 nei Poste geschafe ginn, esou eng weider Ukënnegung de Moien.

"Also keen Astellungsstopp, awer méi kontrolléiert och op deem Plang wuessen."

D’Deierungszoulag soll 2025 ëm 10 Prozent erop gesat ginn, d’Energieprimm soll verdräifacht ginn an ënner anerem de Steierkredit fir Elengerzéier soll erhéicht ginn: Esou e puer vun den ugekënnegten Entlaaschtunge fir dat nächst Joer. 

De Gilles Roth bei der Presentatioun vum Budget 2025. | © Chambre des députés
De Gilles Roth bei der Presentatioun vum Budget 2025. (Foto: Chambre des députés)

Donieft huet de Gilles Roth een “historesche soziale Fortschrëtt fir d’Land” ugekënnegt.

"Den net-qualifizéierte Mindestloun ass vum 1. Januar 2025 u steierfräi."

Nach ni hätt d’Land esou vill an d’Sécherheet vu senge Bierger investéiert, esou eng aner Ausso an der Budgetsried. D’Ausgabe fir d’Verdeedegung sollen d’nächst Joer op 792 Milliounen Euro klammen. Dobäi kommen nach 80 Milliounen Euro Ënnerstëtzung fir d’Ukrain. 

De Marc Spautz, CSV-Fraktiounschef verweist besonnesch op d'Sozialtransferten. Hien wier frou iwwert d’Annonce vun der Steierbefreiung vum net qualifizéierte Mindestloun. An och an den Ae vum Gilles Baum, DP-Fraktiounspresident, géif déi progressiv Sozialpolitik vun der leschter Regierung nach verstäerkt ginn. 

LSAP: Eng Ukënnegung, déi Freed bereet

Wéi erwaart hunn d’Oppositiounsparteie kritesch op d’Presentatioun vum Finanzminister reagéiert. Sou huet d’Taina Bofferding ënnerstrach, datt villes annoncéiert gi wier, wou de Budget an d’Luucht goe géif. D’LSAP-Fraktiounspresidentin sot sech gläichzäiteg awer frou iwwert d’Ukënnegung vum Gilles Roth, fir den net qualifizéierte Mindestloun steierfräi ze maachen.

“Och hei musse mir natierlech elo den Detail kucken, wéi en dat genau wëll ëmsetzen. Trotzdeem sinn ech awer frou, datt en CSV-Minister déi Annonce elo gemaach huet, well virun net all ze laanger Zäit hu mir et jo nach hei am Haus och gefuerdert, an do krute mir vun der CSV an och vun der DP gesot: Dat géif näischt bréngen."

Fred Keup: Regierung setzt weider op "katastrophale Massewuesstem"

De Fred Keup huet iwwerdeems vun engem “rhetoresche Meeschterwierk” vum Gilles Roth geschwat, fir alles schéin ze rieden. Dobäi géif et an der Realitéit vill Problemer ginn.

“Soudatt mir hei am Fong eng Regierung hunn, déi net hannendru kënnt, déi iwwerfuerdert ass mat den Erausfuerderungen, déi eist Land kennt, an absolut net capabel ass, dat ze meeschteren, an ëmmer nëmme weider setzt op de katastrophale Massewuesstem, dee mir hunn.”

Fir den ADR-Fraktiounschef gëtt et donieft awer nees e grousse Budgetsdefizit: Deemno wier net alles an der Rei, sou de Fred Keup.

déi gréng gesi keng nei Akzenter

D’Sam Tanson hat dogéint d’Impressioun, si wär an enger Publicitéitsagence, déi engem Client Slogane verkafe wéilt:

"Mir hunn hei immens vill Phrasen héiere vum Här Roth. Dat mécht en ëmmer ganz gutt, an dat kann e ganz gutt. Mä richteg nei Akzenter hu mer net héieren!”

D’Vertriederin vun déi gréng huet dat bedauert an erkläert, datt déi ugekënnegt steierlech Entlaaschtungen och keen neie Moment wieren. 

Eng verstoppte Mouk fir d'Piraten

Fir de Sven Clement hätt de Gilles Roth d’Zuele schéi geriet a vill Annoncë gemaach, wat Montanten iwwer e puer Joer ugeet.

“Mir wëssen aus der Vergaangenheet, wann d’Regierung seet, mir gi 6 Milliarden aus iwwert déi nächst 4 oder 5 Joer, datt déi heefeg net ofgeruff ginn zum Schluss.”

Domat hätt een eng verstoppte Mouk fir déi nächst Joren, an deenen een da mat positiven Ukënnegungen iwwerrasche kéint, huet den Deputéierte vun de Pirate gemengt.

Déi Lénk: "D’Regierung brauch sech do net ze bretzen"

Den David Wagner vun déi Lénk huet sech an engem “Wirbelstuerm vu Banalitéiten a falsche Léisungen” gefillt.

“Et sinn eng ganz Rei vun Investissementer opgezielt ginn: Dat si ganz normal, regulär Investissementer, déi ee muss maachen an déi och scho viregt Regierungen ugefaangen hunn.”

Fir de Vertrieder vun déi Lénk sinn déi Steierentlaaschtunge fir grouss Betriber weiderhi keng gutt Iddi.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Wirtschaft