De Paul Ewen ass President vun der Lëtzebuerger Denkmalschutzfederatioun, an där sech 17 Associatiounen zesummegedoen hunn, fir an deem Beräich aktiv ze sinn. D’Zuel vun de Membere kéint an Zukunft och nach wuessen, huet de Paul Ewen an Aussicht gestallt. An der Majoritéit sinn dëst lokal Associatiounen. Wichteg ass just, datt si sech hire Statutten no ëm de Patrimoine an d’Erhale vun dësem bekëmmeren.
Eng gutt Reklamm fir de Patrimoine
D’Haaptzil vun der Denkmalschutzfederatioun ass et, dat gebauten Iewen zu Lëtzebuerg ze erhalen, esou de Paul Ewen am 100,7-Interview. Dozou gehéiert och, al Bausubstanzen ze erhalen a virum Ofrappen ze schützen. E rezent Beispill ass do d’Gebléishal zu Esch-Belval, déi viru Kuerzem op eng Shortlist vun de siwen “most endangered" Kultursitten an Europa gesat ginn ass.
De Paul Ewen erkläert, datt d’Gebléishal schonn an den 2000er Joren op d’Lëscht vun de Monuments nationaux komm ass. Wa Gebaier dee Status kréien, dierfe se am Prinzip net ofgerappt ginn. Och Haiser oder al Bauerenhäff, déi op Grond vu Spekulatioune schonn zënter ville Joren eidel stinn, sollen dofir net ofgerappt ginn, fënnt de Paul Ewen.
Gebaier, déi als schützenswäert agestuuft ginn, kréien och finanziell Mëttel zur Verfügung gestallt, sou datt a si kann investéiert ginn. De Paul Ewen nennt an deem Zesummenhang och d’Beispill vun Europa Nostra, wat eng europäesch Denkmalschutzassociatioun ass. “Dat natierlech eng ganz gutt Reklamm allgemeng fir den Objet, mee och méi allgemeng fir all de Patrimoine an eisem Land.” Wat genau awer lo mat der Gebléishal geschitt, ass nach net gewosst.
D'Archeologie ass Virbild?
Zënter 3 Joer gëtt et zu Lëtzebuerg een neit Denkmalschutzgesetz. Ee weesentlecht Element dovunner ass een neien Inventaire vun de schützenswäerte Gebaier, deen den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) féiert. Deen zitt vu Gemeng zu Gemeng, fir den Inventaire ze erweideren. Aktuell wier ee mat der aachter Gemeng am gaangen, seet de Paul Ewen. Den Direkter vum INPA, de Patrick Sanavia, sot viru ronn zwee Joer an engem Interview, datt dëst ee Prozess vun 20 bis 25 Joer ass. Eng ganz laang Zäit. Dofir wier een u sech mat Prozedur och hannendrun, erkläert de Paul Ewen. A well dat esou laang dauert wier een als Denkmalschutzfederatioun och dofir, eng Tëscheléisung ze fannen, fir wärend deenen 20 bis 25 Joer net awer schützenswäert Gebaier einfach esou ofgerappt ginn. Eng Propositioun wier ee sougenannte Moratoire.
“Mir hunn eng Propositioun zum Beispill gemaach, déi seet, am Fong alles ass protegéiert, ausser et ass net protegéiert. Dat heescht, all gebaute Substanz, déi et gëtt, wier protegéiert. Dat bedeit awer och, datt de Staat sech muss d'Moyene gi fir ganz, ganz, ganz, schnell ze deprotéieren.”
Hei kéint ee sech un der Prozedur, déi an der Archeologie ugewant gëtt, inspiréieren. Soubal et eng Baugeneemegung fir eppes gëtt, mussen nämlech mat präventiven Ausgruewunge gekuckt ginn, ob et keen archeologescht Potential gëtt. Dat selwecht kéint ee mat engem “potentiel architectural” maachen. “Dat heescht, dee Moment hätte mir eng Garantie, datt eis näischt duerch d'Fanger geet, wat erhalenswäert wier.”
D’Denkmalschutzfederatioun hätt dat och schonn e puer Mol proposéiert, mee ënner anerem wéinst Personalmangel wier d’Ëmsetzen dovunner schwiereg.