Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Antonio Guterres warnt viru Militärinterventioun zu Rafah

Noen Osten

Antonio Guterres warnt viru Militärinterventioun zu Rafah

Den UNO Generalsekretär Antonio Guterres huet Israel virun enger Militäroffensiv am Süde vun der Gazasträif gewarnt. Hie wier ganz besuergt iwwert déi israeelesch Intentioune fir deemnächst zu Rafah ze intervenéieren, sot de Guterres zu New York virun der Vollversammlung.

auto_stories

1 min

© Luiz Rampelotto/EuropaNewswire
(Foto: Luiz Rampelotto/EuropaNewswire)

Zu Rafah géifen aktuell Honnertdausende Palästinenser verzweifelt no Sécherheet sichen.

Elo scho géif sech do en humanitären Albdram ofspillen. Duerch eng israeelesch Interventioun géif d‘Katastroph sech exponentiell verstäerken. Den UNO Generalsekretär huet een en humanitäre Waffestëllstand an d‘Fräiloossung vun alle Geisele fir elo direkt gefuerdert huet.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hat gëschter annoncéiert, datt déi israeelesch Arméi sech op esou eng Interventioun géif preparéieren.

D‘Iddi vun enger Waffepaus huet hie vum Dësch gewëscht. Déi israeelesch Victoire géint d‘Hamas wier eng Zäit vu Méint, esou den Netanjahu. En plus fënnt hien d‘Fuerderunge vun der Hamas iwwerdriwwen.