Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Eyeliner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den neien Toun an der Asylpolitik

Fakten-Check

Den neien Toun an der Asylpolitik

Lëtzebuerg huet an der Flüchtlingsthematik en neien Toun ugeschloen. Bei der Opnam vu Refugiéë géif Lëtzebuerg u seng Limitte stoussen, sot den Ausseminister d’lescht Woch bei eis op der Antenn. Ass dem da wierklech sou? Stéisst Lëtzebuerg u seng Limitten? E Fakten-Check vum Ana Angel.

auto_stories

5 min

headphones

6 min

play_arrow

Stand September 2023, sinn dëst Joer eng 1.750 Demandes de Protection internationale zu Lëtzebuerg deposéiert ginn. An hei muss een awer soen, datt et zu Lëtzebuerg zwou verschidden Demandë ginn: déi fir den internationale Schutz iwwer déi mer elo schwätzen. Dozou zielen net d’Demandeure fir den temporäre Schutz, dat sinn, zu Lëtzebuerg, gréisstendeels Ukrainer an Ukrainerinnen, si hunn hei een anere Statut.

Wa mer eis dann elo d’Zuele vun den Demandë fir internationale Schutz ukucken, da mierke mer, datt sech déi Zuel an de leschten aacht Joer tëscht 2.000 an 2.500 pro Joer befënnt, mat engem Pik 2015, wou et eppes manner wéi 2.500 Demandë waren. Dat ganzt ass just duerch d’Joren 2020 an 2021, also d’Pandemie-Joren, ënnerbrach ginn, do waren et ronn 1.200 Demanden am Joer.

Dëst Joer wéi gesot si mer bei 1.750 Demanden. Dat sinn der net vill méi wéi d’lescht Joer em déi selwecht Zäit. Et ginn also, wat d’Zuele vun den Demandë fir internationale Schutz ugeet, keng gréisser Verännerungen.

Wat sech ännert, ass den Ëmgang mat Demandeuren zu Lëtzebuerg

D’selwecht wéi an der Belsch, soll elo eng Prioritéitelëscht opgestallt ginn. Also prioritär Famillje mat Kanner a vulnerabel Persoune sollen opgeholl ginn – an déi sougenannten Dubliner nees zréck geschéckt ginn. Déi Dublin-Fäll si Flüchtlingen, déi schonn an engem anere Land eng Asyldemande gestallt hunn, erkläert och de Jean Asselborn. Dann ass och dat Land fir se responsabel.

“Bis viru Kuerzem, an Italie ware jo Walen, hu mer ganz gutt mat Italie geschafft, Leit déi Dubliner waren hu mer an Italien zréck kritt, dat war kee Problem. Mir hunn natierlech ëmmer eng Garantie gefrot, mee lo ass einfach zou. Dat heescht wann déi Leit , aus dem Sudan oder aus anere Länner, iwwer Italien, wou se puer Deeg waren, op Lëtzebuerg kommen, an d’Italiener déi Leit net méi zréck huelen, da si mir zoustänneg dofir an dat mécht eis onheemlech ze schafen.”

Lauschterenplay_arrow

Afloss vun italieenescher Asylpolitik

Et schéngt virun allem déi nei Asylpolitik an Italien ënnert der rietser Premierministesch Georgia Meloni Afloss op d’Situatioun zu Lëtzebuerg ze hunn.

Den Undeel vun deenen, déi duerch d’Dublin-Verfare Lëtzebuerg nees verlooss hunn, louch 2020 bei 113. Bei 16 dovunner war Italien dat éischt Land an do si se och nees zréck geschéckt ginn.

Dëst Joer leien déi Zuelen och ëm déi 110 bis elo an d’Statistike vun der Direction de l’immigration vu virun zwee Deeg weisen: keen dovu koum aus Italien. Déi aktuell Zuele schénge sech also bis elo och bei de sougenannten Dubliner net gravéierend ze veränneren.

Wisou stousse mer also op eis Limitten?

De Problem schéngt éischter un der Unzuel u Better ze leien. Den Ausseminister sot op der Pressekonferenz, dass mer aktuell 7.700 Better fir Refugiéen zur Verfügung hunn, dat wieren der ronn 5.500 méi wéi nach virun e puer Joer.

Trotzdeem liewe grad bësse méi wéi 6.500 Mënschen an deene Strukturen. Dorënner sinn der awer eng ganz Partie, ronn 2.100, déi de Statut als Refugié schonn hunn an doduerch am Fong net méi missten an deene Strukture sinn. Si kommen do awer net eraus, well se ënner anerem kee Logement fannen. De Marc Crochet, de Generaldirekter vu Caritas, sot am 100,7-Interview, fir hie géif genee do de Problem leien.

“De reelle Problem ass, do kommen d’Leit net eraus. Dat ass manner fir un der viischter Dier wou ee misst schaffe fir d’Leit net eran ze loossen, wat jo awer lo de Fall ass, wat d’Belsch virgemaach huet an anerer lo nomaachen, wéi datt een de Problem soll léise vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart.”

Lauschterenplay_arrow

Éischter Europäesch, wéi Lëtzebuergesch Limitten

Lëtzebuerg ass net dat eenzegt Land, wat elo méi een ofschreckenden Toun an der Asylpolitik virgeet. Och den däitschen SPD-Bundeskanzler Olaf Scholz huet de selwechten Dag wéi den LSAP-Ausseminister Asselborn, annoncéiert “Wir müssen im grossen Stil abschieben.” Dat sinn natierlech méi hefteg Wieder wéi déi vum Lëtzebuerger Ausseminister.

Do muss een dann och erwänen, dass den Dag virdrun, also leschten Donneschdeg, sech déi fir Asyl- a Migratioun zoustänneg EU-Ministeren um Kierchbierg getraff hunn. Sou datt dat Ganzt bëssen en Androck hannerléisst, wéi wann do op europäeschem Niveau Drock ausgeüübt gëtt.

Wou kënnt den Drock hier?

Do ginn ënnerschiddlech méiglech Erklärungen. Souwuel an der Belsch wéi och a Frankräich ass et jo rezent zu ganz schrecklechen Dote komm, a béide Fäll ass de presuméierten Attentäter eng Persoun, där hir Asyldemande refuséiert gouf, déi d’Land awer net verlooss huet.

Déi nei Mesure vum Ausseministere, sougenannten Dubliner fir d’éischt op eng Waardelëscht ze schreiwen, éier se an de Strukturen ënnerkommen oder zeréck an hirt éischt Ankunftsland geschéckt ginn, an se doduerch komplett vum Radar ze verléieren, schéngt dann net ganz koherent.

Drock kéint et awer och ginn, well am Juni d’nächst Joer d’Europawalen nees virun der Dier stinn, och dat muss ee sech an dem Kontext virun Ae féieren. Enn der Woch ass en EU-Sommet, wou also d’Staats- a Regierungscheffen zesumme kommen. Mol kucken, wéi eng Téin do an der Asylpolitik ugeschloe ginn.

Ganz lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview