Den Tony Schuster war 1936 zu München gebuer - hien huet zanter 1964 zu Lëtzebuerg gelieft.
De Verstuerwenen huet a villen internationale Bands gespillt, war Gaschtrompettist beim Max Greger an och James Last. 1965 hat hien d’Luxembourg Singers gegrënnt - mat deenen hien zéng Joer duerch Lëtzebuerg an och duerch Europa getourt ass. Zanter de 70er Joer huet den Tony Schuster kabarettistesch Texter vertount, fir de Kasemattentheater an och déi “Lëtzebuerger Revue”.
Den Tony Schuster huet bis 1997 Coursen am Piano an der Trompett am Escher Conservatoire ginn.
2006 war den Tony Schuster an eiser Emissioun "Op Besuch". Lauschtert déi ganz Emissioun hei: