search

/ Den Tenor Venant Arend ass dout

Am Alter vun 91 Joer

|
reading time

1 min

Den Tenor Venant Arend ass dout

De Lëtzebuerger Sänger ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen (*9.2.1935). Vun de 60er Jore bis an d'90er eran, huet de Venant Arend Honnerte Lidder opgeholl, deelweis an de Studioe vun RTL, deelweis och mam deemolegen RTL Orchester.

reading time

1 min

Venant Arend, Lëtzebuerger Tenor (1935-2026)
Venant Arend, Lëtzebuerger Tenor (1935-2026)

Vu Formatioun hier war de Venant Arend Schoulmeeschter. No senger Ausbildung fir den Enseignement huet hie Gesangscoursen um Stater Conservatoire geholl, spéider och um Conservatoire zu Metz an um Mozarteum zu Salzburg.  

Nieft ville Concertsoptrëtter zu Lëtzebuerg an am Ausland huet de Venant Arend och eng ganz Partie Enregistrementer vun LP’en, Musekskassetten an CD’e gemaach. Dat mat Operettemelodië vu Robert Stolz a Franz Lehar, oder och Lidder vum Johannes Brahms. Hien huet virun allem awer Lëtzebuerger Musek enregistréiert: Lidder vun der Lou Koster oder aus Dicks-Operetten.

Déi Alben haten Titelen ewéi “Hal dach Deng Mamm an Éieren” oder “Mäin hierzegt Heemechtsland” an “Ënnert dem bloen Himmel". Produktiounen, déi an där Zäit vum Edy Noël erausbruecht goufen.

De Venant Arend hat och eng Partie Filmoptrëtter a Lëtzebuerger Produktioune vun där Zäit, notamment a “Mumm Sweet Mumm” vun 1989, oder och an “Dammentour” vun 1992.