Radioen

On air

9 bis 1  |  The Last Dinner Party - Nothing Matters

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den TABA-Spillsaachebuttek gëtt Spillsaachen een zweet Liewen

Gesellschaft

Den TABA-Spillsaachebuttek gëtt Spillsaachen een zweet Liewen

Wéi vill Spillsaachen hunn Är Kanner oder Enkelen? Muss et ëmmer dat Neist vum Neiste sinn? Grad elo viru Chrëschtdag gräife verschidde Famillen a sozial Institutiounen op d’Second Hand Spillsaachen aus dem TABA Spillsaachebuttek vun der Associatioun CNDS zeréck. Bei dësem Projet engagéiere sech zum Beispill Persoune mat psychesche Problemer oder mat enger Sucht a kréien duerch hir Aarbecht e strukturéierten Alldag. Si sammele Spillsaachen, reparéiere se a schenken hinnen en zweet Liewen.

auto_stories

5 min

headphones

22 min

Am Depot ginn d'Spillsaache vun de Cliente vun der CNDS sortéiert, kontrolléiert a reparéiert | © Morgane Weidig play_arrow
Am Depot ginn d'Spillsaache vun de Cliente vun der CNDS sortéiert, kontrolléiert a reparéiert (Foto: Morgane Weidig)

D'Iddi fir de Spillsaachebuttek ass 2012 vun zwee Mataarbechter vum Drogekonsumraum Abrigado an d'Liewe geruff ginn. D'Zil vum TABA (Ofkierzung fir "Tagesstrukturierendes Beschäftigsangebot") war et fir de Clienten aus dem Abrigado eng Beschäftegungsoffer unzebidden. Haut schafft, nieft de Leit aus dem Abrigado, eng Ekipp vu sechs fixe Mataarbechter an e puer Benevolle fir de Buttek.

Den TABA ass eng wichteg Struktur fir d‘Leit

Esou Strukture wéi den TABA si wichteg fir d'Leit déi op der Strooss liewen, well se hinnen ee feste Rhythmus ginn, dat hëlleft hinne fir hir Situatioun ze stabiliséieren an och fir eventuell laangfristeg eppes un hirer Situatioun ze änneren. Am Spillsaachebuttek kënne si mat Famillen a Kanner a Kontakt kommen a si fille sech duerch d'Aarbecht am Buttek valoriséiert, seet d'Andrea Nunes Machado.

"Si komme vun der Drogenzeen fort, si kënne weise wat se gäre maachen. Et ass eng riseg Wäertschätzung. Si komme moies un, da gëtt zesumme gefrühstückt an da gëtt zesumme gekuckt, wat deen Dag soll geschafft ginn a wat mëttes soll zesumme gekacht ginn."

D'Andrea Nunes Machado ass Mataarbechterin am TABA Spillsaachebuttek vum CNDS | © Morgane Weidig
D'Andrea Nunes Machado ass Mataarbechterin am TABA Spillsaachebuttek vum CNDS (Foto: Morgane Weidig)

Wann d'Leit déi éischte Kéier an de Buttek kommen, kënne si och decidéiere wat si am léifste maachen. "Déi eng flécke Saachen, déi aner zielen d'Stécker vu Puzzelen a completéiere Spiller", seet d'Andrea Nunes Machado. Ee mol d'Woch géif een och zesummen op de Recycling goen, och fir déi Aarbecht géife sech eng Rei Leit intresséieren.

Den TABA gëtt dem Jérôme een Daach iwwer dem Kapp

Ee vun de Leit, déi am TABA Spillsaachebutték schaffen ass de Jérôme, hie sëtzt am Rollstull an huet zënter méi laangem kee feste Wunnsëtz méi. Den Dout vu sengen Elteren hat him viru Joren "de Buedem ënnert de Féiss ewech gezunn", seet hien.

De Jérôme bleift haut bis ongeféier dräi Auer Nomëttes am Buttek "wann et reent, méi laang". Hie kontrolléiert nei Saachen déi ukommen a gëtt se virun an de Buttek. Am meeschte Freed maachen him elektronesch Spillsaachen.

D'Aarbecht am TABA gëtt him Stabilitéit am Alldag, laangfristeg wëllt hie mat Reha aus dem Rollstull erauskommen an eng Wunneng fannen.

Am Buttek kënne Famille gratis Spillsaache mathuelen oder och ëmstauschen | © Morgane Weidig
Am Buttek kënne Famille gratis Spillsaache mathuelen oder och ëmstauschen (Foto: Morgane Weidig)

D'Nofro viru Chrëschtdag ass grouss

Elo kuerz viru Chrëschtdag wier d'Demande no Spillsaache relativ grouss, dofir mécht den TABA seng Dieren am Moment och Samschdes Moies op, fir datt och jiddereen d'Chance huet eppes fir Chrëschtdag ze fannen. Et géifen och ëmmer nei Famille bäikommen, déi sech am Buttek ëmkucken, och vill Refugiésfamillen, déi nach net sou laang am Land sinn.

Lauschterenplay_arrow