Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Oropouche-Virus fuerdert seng éischt Doudesaffer

Tropesch Krankheet

Den Oropouche-Virus fuerdert seng éischt Doudesaffer

Et wiere weltwäit déi éischt Doudesfäll an Zesummenhang mat dësem tropesche Virus, sot de brasilianesche Gesondheetsministère. Bei den Doudesaffer géif et sech ëm zwou jonk Fraen aus den Stad Bahia handelen. Si hätte keng Virerkrankunge gehat.

auto_stories

1 min

Mustik | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

Den Oropuche-Virus gëtt vu Musticken iwwerdroen. D'Oropouche-Féiwer kënnt am Amazonasgebitt an an der Karibik vir. D'Symptomer sinn änlech wéi beim Dengue-Féiwer, mat Muskelpéng, Kappwéi an héijem Féiwer.