Vill Applaus gouf et vun de sozialistesche Vertrieder aus de 27 EU-Memberlänner um Parteikongress. Nëmme wéineg Leit hätten de Fändel vun der Sozialdemokratie esou héich gehale wéi den Nicolas Schmit, esou de Parteipresident vun der PES, Stefan Löfven. Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz huet dem Nicolas Schmit säin Asaz als EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales iwwer déi lescht véier Joer gelueft. Ënnert anerem fir d’Aféiere vu Standarde fir een europäesche Mindestloun an enger Garantie fir Kanner, Zougank zu soziale Servicer ze hunn.
Dem Nicolas Schmit seng Nominatioun wier ee grousse Moment an hie géif sech fir däi Parteifrënd freeën, esou den LSAP-Europadeputéierten a Vizepresident vum EU-Parlament, Marc Angel.
Géint Austeritéit, Populismus an de Klimaschutz sozial begleeden
Dräi Méint bleiwen dem fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister elo nach fir säi Walkampf bis bei d’Europawalen am Juni. Wat d‘Schwéierpunkten aus dem Manifest ugeet, esou géif et de Sozialdemokraten drëms goen ee Retour vun Austeritéitspoliticken ze verhënneren, de Green Deal mat Klimaschutzmesurë sozial ze begleeden an d’Sécherheet an Europa ze garantéieren. Als eng absolutt Prioritéit gesäit den Nicolas Schmit och d’Verdeedegung vun der Demokratie an de Kampf géint Riets.
„Mir mierken eigentlech datt et op anere Säiten ëmmer rem Tentative gëtt fir mat der Extrême droite Kompromësser ze fannen. Dat ass mat ons net méiglech. Mir stinn hei riicht fir d’Demokratie an déi europäesch Wäerter.“
De Kampf géint Riets, géint Populisten a Faschisten wier dobäi de Schwéierpunkten, deen och d’LSAP wäert an hirem nationale Programm fir d’Europawalen deklinéieren, ënnersträicht d’Francine Closener. Den definitive Walprogramm vun der LSAP fir d’Europawale wier esou gutt ewéi fäerdeg, e soll an den nächsten Deeg un d’Membere geschéckt ginn, sou d‘LSAP-Parteipresidentin.