Radioen

On air

One World  |  A Lover was born

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Inneminister confirméiert e rezente Virfall mat enger Waff am Escher Kommissariat

National

Den Inneminister confirméiert e rezente Virfall mat enger Waff am Escher Kommissariat

Bei der Manipulatioun vun enger Waff an der Waffekummer wier e Schoss lassgaangen, d‘Kugel wier duerch d‘Sécherheetsdier duerchgaangen, et wier awer kee blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

Pistoul | © Adobe Stock
Foto: Adobe Stock

Dat géif awer Froen iwwert d‘Sécherheet vun där Waffekummer opwerfen, wéi den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana an enger parlamentarescher Fro feststellt. De Minister preziséiert, datt et sech ëm e mënschleche Feeler gehandelt huet an datt de Virfall direkt bei der Inspection générale de la Police signaléiert gi wier. D‘IGP hätt eng Enquête opgemaach.

All Dag géife Poliziste Waffe manipuléieren – dat heescht lueden an entlueden - ouni datt eppes geschitt, et géif kee Sécherheets- oder Infrastrukturproblem ginn, et wier just en individuelle Manipulatiounsfeeler gewiescht.