Radioen

On air

Moiesstudio  |  Adult Leisure - Kiss Me Like You Miss Her

play_arrow Live
search

/ Déi 10 bescht Acts um Eurosonic Musek Festival 2025

Nei Museksdecouverten

Déi 10 bescht Acts um Eurosonic Musek Festival 2025

Um grousse Showcase Event decidéiert sech, wien dëst Joer den Toun ugëtt. Déi hei Nimm hunn eis Museknerds besonnesch begeeschtert.

auto_stories

6 min

Foto: Jamie Reinert

Ebbb

E Batteur dee kräfteg a maschinell op d‘Trommen hat. E Sänger dee liicht a lëfteg Richtung Trance féiert. E Produzent dee souverän hannert sengem Laptop hantéiert. Op Pabeier dierft dat net wierklech opgoen an dach huet dësen ondefinéierbaren engleschen Trio aus Kontradiktioune Konscht gezaubert. Hir Musek ass an d‘Panz gaangen, awer och an de Kapp. Den Hype ronderëm dës Formatioun aus der Underground Zeen zu London ass justifiéiert.

Meule

De franséischen Trio mécht Musek fir ze danzen. Hannen op der Bühn steet de Bandleader. Hien huet eng risesch Këscht voller Synthesizer-Moduler an Effektgeräter, déi wëll matenee verkabelt sinn. Zum Deel ass säin Instrument Marke Eigenbau. Domat mécht hien elektronesch Klangwelten aus der Kraftwerk-Dynastie. Wann et méi haart soll ginn, spillt hie Gittar dobäi.

Viru sengem enormen elektronesche Schaf ass vir op der Bühn eng Batterie opgestallt, déi der direkt vu lénks a vu rieds laanscht d’Bake kritt – vun engem Jong an engem Meedchen. Heiansdo gëtt och gesong, mee dat sinn net déi bescht Momenter. Richteg gutt ass et, wann et dréint an danzbar gëtt. Am Léifste méi spéit am Owend.

Tuulikki Bartosik 

Di estnesch Akkordeonistin huet am Ufank vun hirem Set gesot si géing een an den nächste 40 Minutte vun engem Bësch an hirer Heemecht an d‘Grousstad London bis hin a Japan féieren. Et wier di „warscheinlech ëmweltfrëndlechst Rees um Festival“. D‘Stëmmung am Raum war besënnlech an de Public huet hir meditativ Musek mat Genoss op sech wierke gelooss. Et muss een eben net onbedéngt op de Findel pilgere fir iwwert de Wolleken ze sinn. 

Schntzl

Déi zwee Museker bezeechne sech selwer als “SpongeBob vum belschen Jazz”. Dat trëfft et net schlecht. Den Duo aus Drums a Keyboards mécht eng Musek, déi sech nëmme schwéier faasse léisst. Mol ass et euphoreschen Hyperpop oder 90er Eurotrance, mol ass et komesch Liftmusek, mol Krautrock a mat Momenter ass et richteg schéin dissonant wéi e schlechten Trip. Meeschtens vermëschen déi eenzel Elementer sech, an alles ass a stänneger Verännerung. Schntzl war eng vun den originellste Bands vum Eurosonic. Am beschte live a vu ganz no ze degustéieren.

Enji

Um Eurosonic ginn et Bünen allerlee. Schweesseg Cluben, elegant Theateren, awer och e puer Kierchen an deenen awer keng Metal Bands spillen. Duerfir awer déi méi duuss Acts, där hir Musek  an deene sakrale Raim opblitt. D‘Enji ass eng mongolesch Sängerin déi viru Jore vun der Stepp op Münche gezunn ass. A Begleedung vu Kontrabass an Jazz-Gittar hunn hir Melodië beréiert. Dës goufen op mongolesch gesongen an di besonnesch Tonalitéiten hunn een op eng aner Plaz transportéiert.  

Housepainters

Duerch Zoufall sinn ech um Donneschdegnomëtteg op engem klenge Showcase vun enger hollännescher Booking-Agence geland an hunn dëse spannenden Trio kenne geléiert.

Elektronesch Drums, Bassgittar an anlog Synthesizeren – den Instrumentarium ass iwwersiichtlech. De Sound ass minimalistesch, understated. Post Punk a Krautrock treffen op Disco. Et ass immens ustiechend an danzbar.

Indian Wells

Wann ee sech am Virfeld vum Festival déi méi wéi 300 Acts op der Affiche eranzéie muss fir eng Selektioun ze maachen, da kann et emol virkommen dass een ze séier jugéiert. Bei dem italieenesche Produzent „Indian Wells“ war meng perséinlech Notiz „slightly cheesy electronic Dance music“. Do hunn ech wuel ze séier geschwat. Seng Performance, zesumme mat engem engagéierte Batteur war alles ausser seicht a gefälleg. D‘Bäss sinn an de Bauch gaangen a seng detailléiert Approche op senge Synthien huet virwëtzeg fir méi gemaach. 

Search Results

Dem jonken Trio vun Dublin säin neien EP huet mech kal gelooss. Näischt huet drop higedeit, datt si live sou eng gutt geuelegt Post Punk Maschinn sinn. Technesch on point a musikalesch voll am Trend vun de briteschen an iresche Gittarsbands: schaarf, eckeg a séier. Deelen hunn ech dëse Genre sou souverän executéiert gesinn.

Dobäi stinn déi dräi jonk Museker mat zwee Féiss um Buedem, komme ganz symphatesch an op Aenhéicht eriwwer. Eng top live Band. Hoffentlech kléngt den nächsten Album sou, wéi si live kléngen.

Kanaan & Ævestaden 

„Mir sange gären iwwert Doud an Tragedie“ – huet eng vun den zwou Sängerinnen am Ufank vum Concert mat engem (klenge) laache gesot. Deen hei louche Projet ass en Amalgamm vun zwou norwegesche Bands. De psychedelesche Rock Trio Kanaan, an de Neo-Folk Trio Ævestaden. Zesumme bauen si Brécken tëscht Jazz, Folk a Rock a loossen dobäi d‘Fonke fléien. Midsommar trëfft op Sweet Smoke. Iergendeen huet hei ze vill um Fräsch geleckt. 

Why The Eye?

No 3 Deeg Festival hunn ech um Enn nach eng kleng Pärel fonnt. Am helle Sall vun enger Konschtschoul hu 4 komesch Gestallten hannert hire selwergebastelten Instrumenter gezappelt. 

Déi véier Männer ware verkleet, mat selwer geheekelten, psychedeleschen an zum Deel liicht morbide Masken. Deen ee war en Elefant mat engem Einhorn, deen aneren hat zevill kleng Aen mat Hoer drun, un engem houng en aalt Gebëss an un engem aneren eng Schank.

Klassesch Instrumenter hate si keng, alles war aus récupéréierte Materialien zesumme gewurschtelt. 

D’Musek kann een als Kraut Rock bezeechnen: monoton, repetitiv an hypnotiséierend. Et hat awer och eng tribal Säit: Mat Momenter hat een den Androck, engem belsche Provënz-Kult bei engem ruppege Ritual nozekucken. Et war mysteriéis, intrigant, komesch, witzeg a ganz anescht wéi déi aner 330 Bands um Festival.