Radioen

On air

Notturno  |  Triana Y Luca - Recuerdos De Tanger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Ausbléck op den Eurovision Song Contest 2025

Musek

Een Ausbléck op den Eurovision Song Contest 2025

Et war eng vun de gréisste Sensatioune vum leschte Joer: No 31 Joer Paus war Lëtzebuerg 2024 erëm zeréck op der Bün vum Eurovision Song Contest am Mee zu Malmö a Schweden. An zwar mat der Sängerin Tali an hirem Song "Fighter". Si koum op déi 13. Plaz. Et sollt den Optakt si fir erëm eng laangfristeg Lëtzebuerger Participatioun um gréisste Museksconcours weltwäit.

auto_stories

3 min

ESC Arena Malmö | © Corinne Cummings / EBU
Foto: Corinne Cummings / EBU

Lëtzebuerg ass och 2025 erëm beim Eurovision Song Contest mat dobäi. Déi 7 Finaliste fir de Luxembourg Song Contest sti scho fest. Dee fënnt de 25. Januar an der Rockhal statt a gëtt vun RTL - dem offizielle Broadcaster vun der Lëtzebuerger Participatioun - organiséiert. Do trieden dann déi 7 Kandidaten, déi sech an den Auditions scho behaapt hunn, géinteneen un. Dorënner sinn 3 Bands, 3 Sängerinnen an ee Sänger.

D'Lidder, mat deene si do optriede wäerten, goufe viru gutt 3 Woche publizéiert, D'Finall-Lidder kombinéiere lokal Lëtzebuerger Talenter mat internationale Kollaboratiounen. Hei geet et vun enger Ballad bis hin zu Country-Musek, Rap, Pop, a villes méi.

Wie moderéiert den LSC?

Ënner dëse Lidder ass also och dat Lidd, mat deem de Gewënner oder d'Gewënnerin vum LSC dann am Mee zu Basel wäert optrieden. Iwwer déi lescht Méint an och nach an den nächste Woche ginn déi 7 Kandidaten dann intensiv op hiren Optrëtt virbereet. Dozou gehéiert net nëmme vocal coaching, mee och psychologeschen Training a Workshoppen iwwer den Ëmgang mat der Kamera.

D'Delegatioun stécht vill Aarbecht an d'Zeenografien an d'Choreografien. Iwwer d'Show vum Luxembourg Song Contest wollt den David Gloesener, Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun, nach net vill verroden: Et ass also nach net bekannt, wie se zum Beispill moderéiert, oder wat fir Special Acts dobäi wäerte sinn.

Nom LSC geet et dann direkt an déi nächst Phas: Den Optrëtt technesch a kënschtleresch op déi grouss Bün vum ESC zu Basel upassen. Op alle Fall steet fir de Gewënner oder d'Gewënnerin vum LSC direkt duerno ee strammen Zäitplang u fir déi Zäit tëschent Februar a Mee.

Verschiddenes gëtt optiméiert

Et ginn och eng Partie Saachen, déi d'Lëtzebuerger Delegatioun optiméiere wëllt. Zum Beispill gouf d'lescht Joer de Staging-Plang - dat heescht, déi ganz Show, déi ganz Inzenéierung op der Bün - tëschent der nationaler Virentscheedung an dem Eurovision Song Contest nach zimmlech vill verännert. Dat hat vill Zäit an och Ressourcen an Usproch geholl, esou den David Gloesener. Dat wéilt een dëst Joer probéieren ze evitéieren, andeems scho fir den LSC eng Performance entwéckelt gëtt, déi gréisstendeels fir d'Bün zu Basel iwwerholl ka ginn. Do ass den Opbau vun der Bün och scho bekannt.

Trotzdeem misst een hei eng Balance fannen: D'Show op der grousser ESC-Bün sollt och nach fir Iwwerraschungs-Momenter suergen, hofft den David Gloesener.

Méi lëtzebuergeschen Afloss

Och gouf dëst Joer probéiert, méi op d'Fërdere vun der Lëtzebuerger Musekszeen ze setzen. Fir an d'Auditiounen ze kommen, hunn d'Kandidaten dëst Joer schonn e Lidd matbrénge missen. Anescht wéi zejoert, wou Sänger:innen a Songwriter:inne sech separat melle konnten. Doduerch hätten dëst Joer och vill méi Lëtzebuerger Songwriter:innen un de Bäiträg matgewierkt. Anscheinend ronn 75 Prozent.

Den David Gloesener schätzt d'Chancë fir Lëtzebuerg zu Basel 2025 op alle Fall als "ganz gutt" an. Um LSC an um ESC ass et deels de Public an deels eng international Jury, déi ofstëmmt.

Wien iwweregens Tickete fir Basel wëllt muss sech bis nach den 10. Januar op eurovision.tv pre-registréieren, éier dann déi éischt Ticketen Enn Januar an de Verkaf ginn.