Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Walkampfanalys: Logement

Walcampagne

Walkampfanalys: Logement

Mat wéi enge Rezepter wëllen déi eenzel Parteien de Logementsproblem an de Grëff kréien?

auto_stories

9 min

headphones

11 min

play_arrow
D‘Pia Oppel aus der 100,7-Noriichteredaktioun analyséiert d‘Mesuren, déi an de verschiddene Walprogrammer virgeschloe ginn. (Foto: Gilles Wunsch)

Lauschterenplay_arrow


D’Logementskris spëtzt sech déi lescht Méint zou – wéi schwiereg ass d’Situatioun?

Si ass extrem ugespaant: nodeems jorelaang d’Präisser geklomme sinn, erschwéieren elo zousätzlech déi méi héich Zënsen den Accès zum Logement. Et gëtt manner kaf, a manner gebaut. Ëm iwwer 60 Prozent ass de Verkaf vun Immobilien, déi nach am Bau sinn, agebrach, am Verglach zum Joer virdrun. Gläichzäiteg ginn d’Loyeren erop.

Fir jiddereen, deen op erschwéngleche Wunnraum ugewisen ass, ass dat eng katastrophal Situatioun.

Fir déi, déi um Immobiliemarché um laangen Hiewel sëtzen, schéngt d’Lag nach net grad sou dramatesch ze sinn, well et gëtt nach gefeiert: wéi RTL gëschter gemellt huet, hat ee vun de gréisste Bau-Promoteuren am Land, de Marc Giorgetti, leschte Freideg eng Soirée mat iwwer 150 Gäscht organiséiert. Och Politikerinnen a Politiker ware mat dobäi. Dorënner de Luc Frieden vun der CSV... als eenzege vun de Spëtzekandidatinnen a Spëtzekandidate bei de Chamberwalen.

 

Knapps zwou Woche virun de Walen, wat ass vun deem Timing ze halen?

De Marc Giorgetti sot mir gëschter den Zäitpunkt vun der Party hätt näischt mam Waltermin ze dinn. Dat kann ee gleewen oder net.

Kaum nozevollzéien ass, wa Politiker während enger Walcampagne un esou engem informellen Event Deel huelen. Si hunn d’Aufgab den allgemengen Interessi virun dee vun eenzelnen Entrepreneuren ze stellen. D’Proximitéit zu engem Bau-Entrepreneur grad elo op déi dote Manéier ze affichéieren, ass keen Zeeche vun engem ausgeprägten Uerteelsverméigen. A grad am Fall vun der CSV leet et oppen a wiem sengem Interessi d’Walcampagne aktuell gefouert gëtt: nämlech am Interessi vun all deenen, déi iwwert déi lescht Jore massiv vum Immobiliemarché profitéiert hunn – an dat an Zukunft och gären nees wëlle maachen.

Wourunner méchs Du dat fest?

Dorunner, datt d’CSV an der Haaptsaach EEN Auswee aus der aktueller Kris prônéiert, nämlech d’Investisseuren nees mat Steierkaddoen unzelackelen. Amortissement accéléré a reduzéiert TVA sinn d’Stéchwieder, déi dës Woch op enger Pressekonferenz vun der CSV genannt goufen.

Den Amortissment accéléré erméiglecht et Immobilieninvestisseure fir Steieren ze spueren. Déi Mesure steet net am CSV-Walprogramm. Et ass awer déi éischt Fuerderung, déi och de Marc Giorgetti mir gëschter um Telefon genannt huet.

De Problem ass: Dat ass ee Rezept, dat gescheitert ass. D’Demande undreiwe war déi 20 lescht Jore kontraproduktiv. Well et de Staat vill kascht huet, d’Logementspräisser doduerch geklomme sinn an d’Offer u Logementer net am gewënschte Mooss gewuess ass. Dat soen d’Zentralbank, den Internationale Währungsfong an d’OECD.

Rechtfäerdegt déi aktuell Kris et net fir eng Ausnam ze maachen an d’Investisseuren awer nees unzelackelen?

Dat ass effektiv der CSV hiert Argument.

Mee et kann een d’Situatioun och anescht kucken: Mir sinn aktuell an enger Situatioun, wou Promoteuren entscheeden net ze bauen, amplaz d’Präisser fir Neibauten dem economesche Kontext vun den héijen Zëns-Tauxen an der Kafkraaft vun de Leit unzepassen – nämlech däitlech no ënnen.

Et gi Promoteuren, déi hunn och effektiv wéineg Sputt. Si hunn hiren Terrain ze deier kaf a mierken elo mat de méi héijen Zënsen, datt si sech verkalkuléiert hunn. Deene Concernéierten offréiert de Staat elo fir hir Bauprojete fir een akzeptable Präiss opzekafen, sou datt weider ka gebaut ginn. Et gëtt also versicht méi Logementer a staatlech Hand ze kréien, amplaz d’Präisser duerch Subventioune fir Investisseuren ze stäipen.

Wéi vill Succès huet déi Approche dann?

Bis ewell ass de Kaf vu fënnef Bauprojeten fir bal 70 Milliounen Euro an dréchenen Dicher, do sollen 114 Logementer entsoen. Dat ass also ganz modest. De Logementsmaart ass domadder net gerett.

Et sinn awer eben och net all Promoteuren esou presséiert fir hir Projeten dem Staat unzebidden oder se selwer virun ze dreiwen. Déi, déi an de leschte Joren enorm Margen gemaach hunn, a grouss Terrainsreserven hunn, kënnen elo Mol ofwaarden, wat geschitt. An der Hoffnung, datt se net musse mat de Präisser erof goen.

D’Promoteuren drosselen d’Offer also, obwuel d’Demande fir Wunnengen hei am Land jo nach ëmmer do ass a weider wiisst. Well Leit, déi eng Wunneng wëlle kafe fir dran ze wunnen, ginn et jo nach ëmmer méi wéi genuch. Si gi vum Immobiliemarché just zënter Joren net méi zervéiert. De Marché huet sech op finanzstaark – a staatlech subventionéiert – Investisseuren ausgeriicht. An d’CSV wëll dee Modell weider ënnerstëtzen.

Wéi positionéieren d’Regierungsparteie sech an där Fro vun de Steieravantagë fir Immobilien-Investisseuren?

Hire Walprogrammer no wëlle weder d’DP, nach d’LSAP oder déi gréng Decisioune réckgängeg maachen, déi an der leschter Legislatur geholl goufen. Also weder den Amortissement accéléré nees erop setzen, oder d’TVA reduzéieren.

Mäin Androck ass, datt déi 3 Parteie bei der Analys bleiwen, datt dat vill kascht a wéineg bréngt. Bleift ofzewaarden, wéi si sech verhalen, wa weider net gebaut gëtt an Aarbechtsplazen am Bausecteur um Spill stinn.

Bis elo hunn DP, LSAP an déi gréng am Walkampf awer virun allem betount, datt de Staat an Zukunft eng méi grouss Roll um Logementsmaart muss spillen. Och wann hir Proposë mir vläicht net ëmmer ganz kohärent schéngen.

Wourunner méchs Du dat fest?

Ma komm mir fänke mam Beispill vun der LSAP un. Där hir Spëtzekandidatin sot lescht Woch am 100,7-Interview, et wier net hir Preferenz fir de Wunnengsmarché duerch ee Plafong op de Loyere besser an de Grëff ze kréien.

Dat steet awer am LSAP-Programm. D’Paulette Lenert huet also net just een anere Stil, wéi d’LSAP et gär betount, mee eben heiansdo och e bëssi eng aner Linn ewéi hir eege Partei.

Méi op der Linn mam Programm ass d’Paulette Lenert wa si betount, datt d’LSAP d’Offer vu Wunnengen an ëffentlecher Hand wëll ausbauen. Et géif een en “Impakt op de Präis” um Locatiounsmarché kréien, wann een “considérabelen” Undeel vun de Locatiounswunnengen an ëffentlecher Hand ass.

A wat heescht “considérabel”?

Dem LSAP-Walprogramm no heescht dat 25 Prozent vum Locatiounsmarché.

Dat kléngt no vill, awer just soulaang een net méi genau drop kuckt. Well et gëtt geschat, datt Locatiouns-Wunnengen een Drëttel vum Parc immobilier ausmaachen.

Wann also all véiert Locatiouns-Wunneng an ëffentlecher Hand ass, géif dat 7-8 Prozent vum gesamte Bestand ausmaachen.

Par rapport zu aktuell ronn 3 Prozent wier dat ee Sprong. Mee considérabel wier d’Roll vum Staat an de Gemengen domadder definitiv nach net. Opmannst net am Verglach mat Wien, dat am LSAP-Walprogramm als Virbild genannt gëtt: Do liewe 60 Prozent vun den Awunner an ëffentlechen oder ëffentlech subventionéierte Wunnengen.

Iwwergens klammen zu Wien d’Präisser um private Locatiounsmarché an der Lescht och enorm. Dat zur Paulette Lenert hirer Ausso datt ee méi groussen Undeel vun ëffentleche Wunnengen en tant que tel een Impakt op de Präis vu private Wunnengen huet. Mee dowéinst steet am LSAP-Walprogramm wuel och, datt een neit Loyersgesetz néideg ass.

D’DP wëll sech och u Wien inspiréieren – méi konsequent wéi d’LSAP?

Net onbedéngt. D’DP seet, si wéilt den ëffentleche Wunnengsbestand “massiv ausbauen”, leet sech do awer op kee chiffréiert Zil fest. A mat hirem Plaidoyer fir de Mietkauf géifen ebe grad nees ëffentlech Wunnengen a Privathand iwwergoen – de Konträr vun deem wat Stied wéi Wien maachen. Een éischte Widdersproch.

Een zweeten, ass deen hei: Der DP no sollen d’Gemengen hir eegen Terraine méiglechst séier entwéckelen, an och méi dicht bauen. Dat trëfft sech gutt, well an där Gemeng déi déi meeschte Bauterraine besëtzt, der Stad Lëtzebuerg, ass d’DP um Pouvoir.

D’Saach ass just: D’Stater Buergermeeschtesch ass weder fir eng Densificatioun nach fir eng séier Bebauung vun de Gemengenterrainen. Mee vläicht kéint een der Lydie Polfer, déi leschte Freideg iwweregens och op der Party vum Marc Giorgetti war, de Walprogramm vun hirer Partei Mol schécken.

Kennen déi gréng hire Programm besser? Ëmmerhin stelle si aktuell de Logementsminister...

Bei deene gréngen ass mir opgefall, datt si ee wichtege Punkt aus hirem Programm kaum an d’Vitrine stellen: an zwar soll bei neie Wunnprojete vu private Promoteure eng Virschrëft gëllen, datt 15 Prozent vun der Wunnfläch just zu abordable Präisser dierf verlount ginn. Während 15 Joer dierft de Proprietär da just ee Loyer ënnert dem Maartwäert froen – ouni datt en dofir eng Subventioun vum Staat kritt.

Du sees déi gréng géifen hir Propos net an d’Vitrine stellen, firwat ass dat dann esou?

De Kontext vun der Kris am Bausecteur ass sécher eng Erklärung. Wa souwisou grad jidderee sech Suerge mécht, datt iwwerhaapt nach gebaut gëtt, ass déi dote Propose schwéier ze vermëttelen.

A vläicht ass deene grénge bewosst, datt et – opmannst am aktuelle Kontext – schwiereg ass, esou Oploen ze maachen, ouni privat Bauträger finanziell ze ënnerstëtzen. Dat ass eppes géint dat déi gréng sech déi lescht Joren – ausser an e puer Ausnamen – gestäipt hunn, a wat fir Tensiounen an der Koalitioun gesuergt huet. Well DP an LSAP gesinn dat anescht: Si wëllen och privaten Acteure staatlech Subventioune gi fir abordable Wunnraum ze schafen. Piraten an ADR schléisse sech an hire Programmer där Fuerderung aus dem Immobiliesecteur un.

Wéi géif dat konkret ausgesinn?

Bis elo sinn et haaptsächlech de Fonds du Logement an d’SNHBM, déi den ëffentleche Wunnengsbau encadréieren. Si bauen net selwer, dat maache Bauentreprisen. Wat also géif ännere wier, datt d’Gestioun vun esou Projete während der Bauphas u privat Acteure kéint outgesourced ginn.

Viraussetzung ass natierlech, datt de Staat déi néideg Terrainen huet, fir datt och effektiv méi ka gebaut ginn. A mat knapps 9 Prozent vum Wunn-Bauland ass déi ëffentlech Reserve weiderhin limitéiert.

De Gros vun de Bauterraine bleift a privater Hand...

Genau, an dat war an der leschter Legislatur definitiv een neien Ament, well den Observatoire de l’Habitat oppe geluecht huet, wéi konzentréiert dee Besëtz ass. D’Halschent vum Bauland op deem Wunnenge kënnen entstoen, gehéiert 2.500 Persounen, also enger Mini-Mini-Minoritéit vun der Bevëlkerung.

Een zentralen Defi bleift also, wéi een dës Leit dozou kritt hir Terrainen ze bebauen oder ze verkafen. Iwwer déi geplangte Grondsteierreform ass am Walkampf wéineg diskutéiert ginn. Mee dat passt zu enger Campagne an där déi kuerzfristeg Versprieche géintiwwer de laangfristege Léisungen däitlech am Virdeel sinn.

Nächst Woch ass eise leschte RDV op dëser Plaz: an dann ass Zäit fir ee Bilan vun dëser éischter kuerzer Walcampagne ze zéien.

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Logement
Politik
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft