Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Suergen ëm de Beki: Wéi geet et viru mat der Regionalwärung

Den Hallwer Néng

Suergen ëm de Beki: Wéi geet et viru mat der Regionalwärung

Steet déi eenzeg Regionalwärung vu Lëtzebuerg virum Aus? De Beki, dat lokaalt Bezuelmëttel aus dem Réidener Kanton, gëtt et zanter méi wéi zéng Joer. Op awer nach eng Kéier zéng Joer dobäi kommen, ass ongewëss. De Maurice Molitor huet de Coordinateur vum Projet Max Hilbert no méiglechen Ausweeër gefrot.

auto_stories

5 min

headphones

20 min

play_arrow

Nach ass de Beki net dout, betount de Max Hilbert, deen zanter Ufank u beim Projet mat dobäi ass. Well dem Beki seng Zukunft awer onsécher ass, gouf hien zanter Kuerzem entlooss, a bis Juni inclus am Preavis. Bei him an all den anere Memberen ass de Wëllen, virunzemaachen, awer do.

Dat regionaalt Bezuelmëttel fir de Réidener Kanton

Mee wat genee ass de Beki iwwerhaapt? De Beki ass eng regional Wärung, oder ee “regionaalt Bezuelmëttel”, wéi de Max Hilbert et nennt, mat där ee just am Réidener Kanton bezuele kann. An och just an deene Betriber, déi de Beki akzeptéieren.

Graff gesinn entsprécht ee Beki engem Euro. Genee gesi kritt ee beim Ëmtausche vun Euro a Beki awer dräi Prozent méi. Wann ee Beki an Euro ëmtauscht, léisst een awer leien Prozent leien. Dëst soll d’Leit dozou ureizen, mam Beki ze bezuelen. D’Ëmtausche geet an de Bankagencen, bei der ASBL De Kär, an de Commercen, déi de Beki akzeptéieren.

Eng 150.000 Beki sinn am Ëmlaf

De Max Hilbert erkläert, datt et drëms geet, ee Reseau ze schafen, wou géigesäitegt Verständnis besteet. Ee positiven Effekt: de sozialen Zesummenhalt an de Regioun gëtt gestäerkt.

De Coordinateur vum Projet huet ee konkret Beispill ginn: de Wiert zu Sëll war zimmlech entsat, wéi hie matkritt huet, datt de Beki kuerz virum Aus stéing. Well och wann hien dem Projet ufanks skeptesch géigeniwwer stoung, esou huet sech dat awer am Laf vun der Zäit geännert. Säi Gedrénks keeft hien am Pallcenter an d’Brout beim lokale Bäcker. Zanterhier kënnt d’Personal vum Bäcker zwee Mol d’Woch an d’Sëller Stuff iessen. E puer nei Clienten huet hien och bäikritt, gläichbedeitend mat bal 15 Prozent zousätzlechem Ëmsaz.

Wéi vill Leit de Beki benotzen ass schwéier ze soen, mengt de Max Hilbert. An enger Ëmfro aus dem Joer 2020 hu 35 Prozent vun den Awunner am Réidener Kanton uginn, de Beki "heiansdo" ze benotzen. Eng 150.000 Beki solle sech aktuell am Ëmlaf befannen.

Déi dräi Piliere vum Beki

De Max Hilbert ënnersträicht déi dräi Pilieren vum Projet: ekonomesch, well déi lokal Betriber ënnerstëtzt ginn; ëmweltschounend, well lokal Produite genotzt ginn; a sozial, well den Zesummenhalt gestäerkt gëtt. Virun allem d’Wichtegkeet vum leschte Pilier - dat Soziaalt - wier a leschter Zäit ëmmer méi wichteg ginn, an dorop wéilt een net méi verzichten, esou de Max Hilbert. Et hätt ee vläicht Finanzkapital verluer, mee dofir awer ee grousst Sozialkapital opgebaut.

Déi lokal Politik huet rezent decidéiert, Subsiden am Wäert vu 60.000 Euro, déi De Kär ASBL kritt huet, ze sträichen. Zeréckbléckend misst ee feststellen, datt de ganz breede Support vun der Politik ni esou richteg do war, mengt de Coordinateur vum Beki. “Dat ongewollte Kand” nennt hien de Beki zougespëtzt. Déi dreiwend Kraaft hanner der regionaler Wärung war de Camille Gira.

Beim deemolegen Inneminister, dem Jean-Marie Halsdorf vun der CSV, war de Projet awer wuel net esou gutt ukomm. D’Gemenge kruten nämlech verbueden, de Beki als Wärung ze akzeptéieren. Et war ee verwonnert, esou de Max Hilbert, schliisslech krut ee gréng Luucht vun der CSSF an der Zentralbank. An och den deemolege Finanzminister Luc Frieden sot, datt jiddwereen déi Suen unhuelen dierf, soulaang den Emetteur genuch Garantië kéint bidden.

Een zweet Liewe fir de Beki?

Wéi geet et also elo weider mam Beki? Et géing een e puer Pisten analyséieren, esou de Max Hilbert, deen d’Hoffnung nach net opginn huet. An anere Länner ginn et och Beispiller vu Regionalwärungen. Meeschtens kommen déi awer a vill méi groussen Anzuchsgebidder zum Asaz, wéi am Süde vun Däitschland z. B. De Réidener Kanton huet just knapp 20.000 Awunner. Et kéint een also een zweete Kanton mat dobäihuelen. Ee méi grousst Gebitt géing méi Entreprisen a Membere bedeiten. Mee fir datt d’Wäerter, fir déi de Beki steet  - déi dräi Pilieren - bestoe kënnen, muss och ee politesche Wëlle bestoen.

Eng Lektioun, déi ee geléiert hätt, wier, datt ee misst ee méi staarke Betribsreseau opbauen, déi d’Wärung géingen notzen, seet de Max Hilbert. Eng zweet Iddi wier et also, de Reseau manner geographesch ze definéieren. Amplaz géing een eng Charta opstelle mat de Krittären, déi ee Betrib erfëlle muss, fir de Beki kënnen ze notzen. De regionalen Aspekt dierf awer net verluer ginn, esou de Max Hilbert.

Zu gudder Lescht kéint een och nach den Knowhow, deen een opgebaut huet, anere Regiounen ubidden, oder u Gemengen oder Naturparken. Et gouf beispillsweis och eng App entwéckelt: Beki Pay. Wéinst der onsécherer Zukunft huet déi et awer bis ewell net an déi verschidden Appstorë gepackt.

Et bleiwen nach gutt sechs Méint Zäit, de Beki ze retten.

Lauschterenplay_arrow