Radioen

On air

Moiesstudio  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Ëmweltminister huet de Käerjenger Contournement approuvéiert

No vill Hin an Hier

Den Ëmweltminister huet de Käerjenger Contournement approuvéiert

Den Emweltminister Serge Wilmes huet gëschter iwwert en Arrêté gréng Luucht gi fir de Projet vum Käerjenger Contournement.

auto_stories

1 min

Serge Wilmes | © Chris Zeien
Serge Wilmes (Foto: Chris Zeien)

An dësem Dokument ginn ënnert anerem d‘Conditioune fir de Bau souwéi Kompensatiounsmoossname fir d‘Natur festgeluecht. Wéi de Ministère matgedeelt huet, géifen deemnächst zwou ëffentlech Enquête lancéiert ginn, déi déi zwee Schutzgebitt-Projeten am Zesummenhank mam zukünftege Contournement concernéieren. Notamment fir d‘Ausweisung vun der Natura 2000-Zon tëscht Suessem a Schuller souwéi vum nationale Naturschutzgebitt Dreckwiss.