Radioen

On air

Notturno  |  Call Super & Julia Holter - Illumina

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Emmanuel Macron diskutéiert haut viru mat Fraktiouns- a Parteicheffen

Regierungbildung a Frankräich

Den Emmanuel Macron diskutéiert haut viru mat Fraktiouns- a Parteicheffen

Déi lescht Deeg koum de franséische President Emmanuel Macron mat de Parteien zesumme fir iwwer d’Regierungsformatioun ze diskutéieren. De Méindeg huet hie matgedeelt, datt eng lénks-gréng Regierung ënnert dem Nouveau Front Populaire keng Optioun ass. Bei der Lénksallianz wëllt ee sech elo net méi un de Gespréicher bedeelegen.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance

An engem Communiqué huet den Emmanuel Macron de Méindeg d’Méiglechkeet vun enger Regierung vun der Lénksallianz rejetéiert an zwar am Numm vun der Stabilitéit vun den Institutiounen.

RN a La France Insoumise net agelueden

Dem Macron no géif esou eng Regierung direkt duerch eng Motion de Censure vun all den anere Parteien zur Demissioun gezwonge ginn. Dofir rifft hien d’Sozialisten, d’Ekologisten an och d’Kommunisten dozou op, sech nees un de Verhandlungsdësch ze setze fir eng grouss Koalitioun op d’Been ze stellen. Eng nei, zweet Ronn Gespréicher soll haut ufänken. Franséische Medien no goufen de rietsradikalen RN an d’Lénkspartei La France Insoumise net fir dës agelueden.

Nouveau Front Populaire fuerdert weider eng Regierung ënner der Lucie Castets

Mee no der Ukënnegung vum Macron hunn d’Parteispëtze vum Nouveau Front Populaire kloer gestallt, datt kee vun hinne bereet ass weider iwwer d’Regierungsformatioun ze verhandelen, soulaang keng Regierung ënner hirer Kandidatin Lucie Castets en vue gestallt gëtt. De Chef vu La France Insoumise, de Manuel Bompard huet op BFMTV vun engem antidemokratesche Coup de force geschwat a kloer gestallt, datt et keng weider Gespréicher wäert ginn. Fir den Drock op de President ze erhéijen huet de Kommunistechef Fabien Roussel opgeruff dës Woch eng grouss Protestmobilisatioun ze lancéieren.

Déi politesch Kris a Frankräich spëtzt sech deemno nach weider zou.

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft