Am Colorado gouf nämlech decidéiert, datt säin Numm op de Walziedele vun de Virwale soll gestrach ginn. Ier een als Presidentschaftskandidat fir d’Republikaner oder Demokraten untriede kann, muss een nämlech déi parteiintern Virwale gewannen.
Den Hannergrond: de Stuerm op d'Kapitol
Dem Donald Trump gëtt virgeheit, géint de 14. Amendement vun der Verfassung verstouss ze hunn. Dat beseet, datt ee keen héije Posten am Staat kéint beleeën, wann ee bei engem Opstand géint déi amerikanesch Verfassung matgemaach oder en ënnerstëtzt hätt. D’Amt vum President gëtt awer net explizit genannt.
Hannergrond ass d’Roll vum Donald Trump beim Stuerm op d'Kapitol de 6. Januar viru bal dräi Joer, wou fënnef Mënsche gestuerwe sinn. Den Donald Trump, dee kuerz virdrunner d’Wale géint den Demokrat Joe Biden verluer hat, hätt seng Unhänger an enger Ried dozou opgestëppelt. Hien huet nämlech behaapt, datt den Joe Biden duerch Bedruch gewonnen hätt.
Am Mäerz ass Super Tuesday
Dowéinst wier hien net fir d’Presidentenamt gëeegent, sou d’Iewescht Geriicht vu Colorado. D’Team vum Donald Trump sot dozou, datt d’Gericht sech an d’Walen amëscht, wat géint d’Verfassung an onamerikanesch wier. Seng Affekoten argumentéieren, datt de Kongress misst doriwwer decidéieren, ween gëeegent ass, keng staatlech Gerichter.
Rechtsexperte rechnen domat, datt dat Iewescht Gericht sech der Saach unhuele wäert. D’Geriicht ass majoritär konservativ ausgeriicht: dräi Riichter si vum fréiere President ernannt. Eng Decisioun misst séier kommen. Déi éischt republikanesch Virwale si schonn de 15. Januar. De fënnefte Mäerz ass dann de Super Tuesday: déi republikanesch Virwale si fir deen Dag an enger ganzer Rei Bundesstaaten ugesat. Dorënner och Colorado a Maine. A Maine huet déi iewescht Walautoritéit den Donald Trump vun de Virwalen ausgeschloss. Och dogéint huet hien Asproch ageluecht, mee an enger méi niddereger Instanz.
Op den Donald Trump fir d’Amt gëeegent ass, gëtt och an anere Bundesstaate behandelt. Net duerchgaangen ass d’Klo bis elo a Michigan a Minnesota.