Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E19 Mir scheiteren ëmmer nach: Daniel Balthasar an Nathalie Oberweis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Donald Trump gewënnt och d'Virwal an New Hampshire

USA

Den Donald Trump gewënnt och d'Virwal an New Hampshire

Den Donald Trump huet och d‘Presidentschafts-Virwal vun de Republikaner am Staat New Hampshire gewonnen, esou amerikanesch Medien.

auto_stories

1 min

De fréiere President huet sech géint seng eenzeg Konkurrentin Nikki Haley duerchgesat. Déi fréier UNO Ambassadrice konnt trotz dem Support vun ofhängege Wielerinnen a Wieler net gewannen. Si huet dem Donald Trump gratuléiert, mee sot och, de Kampf wier nach laang net eriwwer.

Den Donald Trump hat d‘lescht Woch schon d‘Virwal am Staat Iowa gewonnen. D‘Equipp vum President Joe Biden senger Walcampagne sot, et wier elo praktesch sécher, dass den Donald Trump d‘Nomminatioun bei de Republikaner wäert gewannen an bei de Presidentschaftswalen am November nach emol géint den Joe Biden wäert untrieden.