search

/ Den Asaz vu KI am OP-Sall

Medezin

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Den Asaz vu KI am OP-Sall

D’Navigéieren duerch eng Operatioun, Diagnose per Algorithmus, Maschinnen déi d’Kriibszorten erkennen: D’Kënschtlech Intelligenz verännert d’Schaffen an der Medezin déifgräifend. Fir ëmmer méi Dokteren a Chirurge gëtt d'KI zu engem ëmmer méi wichtegen Instrument. Och zu Lëtzebuerg.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Follgend Situatioun am CHL: Um Programm steet eng Operatioun um Gehier. Een ugangs 40 Joer ale Patient muss eng Tumeur ewechoperéiert kréien. Nach ass net gewosst, ob et eng guttaarteg oder béisaarteg ass.

Am Operatiounssall gëtt grad alles prett gemaach: De Patient ass schonn an Narkos an all d’Instrumenter gi steril gemaach.

Éischten Asaz scho virun der OP

Kënschtlech Intelligenz hëlleft bei dëser Operatioun ënner anerem bei der Navigatioun duerch den Agrëff: E Programm konnt nämlech am Virfeld scho méi genee soen, wéi grouss a wou genee d’Tumeur ass. Dëst wier nämlech mat einfach just de Biller aus dem IRM net sou evident, erkläert den zoustännege Chirurg Dr. Frank Hertel.

“Man kann nicht unbedingt die Muster direkt erkennen: Wo fänkt der Tumor an, wo hört er auf? Auf den Bildern ist er auf den einen viel grösser als auf den anderen. Die KI hilft uns diese Bilder übereinander zu legen und dann auch zu sagen: Ok, das ist jetzt die Realität, wo ist jetzt wirklich der Tumor?” 

Op der Säit vum Kapp gëtt esou minimal invasiv wéi méiglech d’Tumeur Stéck fir Stéck ewech geholl. Dofir gouf een circa 2 Zentimeter grousst Lach gebuert an déi verschidde Schichte ginn eng no där anerer opgeschnidden.

D’Chirurge suivéieren dës Millimeteraarbecht iwwer ee Mikroskop. Dat, wat si am Mikroskop gesinn, gëtt och vergréissert op Bildschiermer projezéiert.

Analyse mat KI

Och no der Operatioun wäert hei Kënschtlech Intelligenz zum Asaz kommen. D’Deeler vun der Tumeur, déi erausgeholl goufen, ginn an ee Labo op Heidelberg geschéckt, wou da mat Hëllef vu KI nach weider Analyse gemaach ginn. Op déi Manéier kann net nëmmen eng vill méi genee Diagnos gestallt ginn, mee d’KI kann direkt och déi adäquat individuell Behandlung proposéieren, erkläert den Dr. Frank Hertel.

“Die KI wird aber einen sogenannten Classifier den Tumor komplett charakteriséieren. Das heisst, das Gewebe geht in eine Machine, und in dieser Maschine werden molekulare Analysen gemacht, und daraus gibt es dann eine Gesamtdiagnose. Also das ist ein automatisiertes System, von dem auch bewiesen wurde, dass es genauer ist, als die normale Gewebsanalyse unterm Mikroskop, die ja auch noch stattfindet, aber die nicht mehr die Bedeutung hat die sie früher mal hatte."

Bis datt d’Resultat vun dëser Analys virläit, kann et duerchaus awer mol e puer Deeg daueren. Am Fall vum Patient an eisem Beispill, huet den Agrëff e staarke Verdacht op eng béisaarteg Tumeur erginn. Eng genee Diagnos kéint een awer réischt da maachen, wann d’Resultater aus dem Labo bis do sinn.

Waardezäite verkierzen

An Zukunft kéint dëse Prozess duerch KI vill méi kuerz ginn. E sougenannten "Raman-Spektroskop" soll et erméiglechen, direkt am Sall nach wärend der Operatioun dës Charakteriséierung vun der Tumeur ze maachen, an dat ouni datt ee Patholog op d’Analyse kucke muss.

Nach wier dësen “Raman-Spektroskop” awer an der Testphas. Et wier e gréissere Projet an Zesummenaarbecht mam Luxembourg Institute of Health. Den Apparat sollt an den nächste Joren asazfäeg sinn, hofft den Dr. Frank Hertel.

“Das heisst, der Trend geht jetzt dahin, dass wir schon im OP eine molekulare Charakterisierung kriegen. Das heisst, man wird sehr bald schon im OP die komplette Diagnose vom Tumor haben, inklusive der molekularen Mechansimen, und dann sehr schnell, nach der OP, eine sehr personalisierte Therapie machen. Das heisst, keine Standard-Therapie, sondern basiert auf das Profil vom Tumor."

De Raman-Spektroskop am CHL. | © Sophie Schroeder
De Raman-Spektroskop am CHL. (Foto: Sophie Schroeder)

AR am OP-Sall

Et ass awer nach vill méi virstellbar, wat d’Kënschtlech Intelligenz an der Medezin an Zukunft alles leeschte kann. Zum Beispill géif et och Projete fir sougenannten "Augmented Reality" ginn.

"Augmented reality würde heissen, wir haben im OP eine Brille auf, und diese Brille kann über ein Mikrosop verbunden sein, und in dieser Brille sehen wir nicht nur das Gewebe, was wir beim Tumor jetzt wirklich sehen, sondern wir überblenden transparent schon die ersten Analysen."

Nach wier dës Technik, déi sech immens rasant entwéckelt, awer nach keng Routine an der Medezin hei am Land. Den Dr. Frank Hertel ass iwwerzeegt, datt ee bei dësem Sujet um Ball bleiwe misst, "weil das ist wichtig für die Patientenversorgung, dass man da nicht hinterherhänkt."

 

play_arrow Lauschteren