Radioen

On air

Simon Says  |  Monie Love - Monie in the Middle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Kremlkritiker Alexei Nawalny ass dout

Russland

De Kremlkritiker Alexei Nawalny ass dout

Am Alter vu 47 Joer ass den Alexei Nawalny an engem russesche Prisong verscheet. Den Doud vum wichtegste politesche Géigner vum russesche President Wladimir Putin huet weltwäit fir schockéiert Reaktioune gesuergt. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance / Claudia Thaler play_arrow
(Foto: picture alliance / Claudia Thaler)

Zwanzeg Deeg huet mäin Transfert an dat neit Lager gedauert, mee ech si weider gutt gelaunt. Duerch meng Fënster gesinn ech just eng Clotûre, den Haff ass just e bësse méi grouss wéi meng Zell. Um Buedem läit Schnéi.

Dat war ee vun de leschte Messagen, déi den Alexei Nawalny an engem ironesche Bréif verschéckt hat. Offiziell heescht et, dem Alexei Nawalny wier et no engem Fräigang am Haff vum Prisong schlecht ginn. Hie wier zesumme gaangen a kuerz drop verstuerwen. Eng Dokteschekipp hätt eng hallef Stonn laang probéiert, hien ze reaniméieren.

Wann och vläicht net gekläert gëtt, wéi de Nawalny wierklech gestuerwen ass, sou hunn déi westlech Politiker praktesch unanime reagéiert: De Wladmir Putin huet e fir hie geféierleche Géigner no an no ëmbruecht. Déi Ausso kënnt och vu senger Fra, souwéi vum Leonid Volkov, engem vun den enkste Mataarbechter vum Nawalny.

Een däitschen Affekot vum Nawalny huet russesch Meldunge confirméiert, datt den Oppositionellen nach en Donneschde per Video an e Geriichtssall ageblent gouf an do e gudden an optimisteschen Androck gemaach hätt.

2020 vergëft ginn, zanter 2021 am Prisong

Den Alexei Nawalny war 2020 als Oppositiounspolitiker wärend enger Walcampagne op engem Fluch a Sibirien mam Nervegëft Novitchok vergëft ginn. Hien huet iwwerlieft a gouf an Däitschland behandelt. Nodeems hien zeréck a Russland geflunn ass gouf hien direkt festgeholl a wéinst Extremismus verurteelt,. Zanter 2021 souz hien eng 19 Joer laang Prisongsstrof of. Hie gouf ëmmer nees an aner Stroflager verluecht.

Gesondheetlech war hie matgeholl, huet awer ëmmer optimistesch gewierkt.

Schaarf Kritik um russesche Regime

An de Reaktiounen haut mécht d‘EU eenzeg de russesche Regime fir den Doud responsabel. Déi amerikanesch Vize-Presidentin Kamala Harris huet gemengt, et wier egal, wat elo géif verzielt ginn, Schold um Doud wier de russesche Regime. Och d‘Vereenten Natiounen hunn een Enn vun der politescher Verfollgung verlaangt.

Vum Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel dann ass et dëse Message: Den Alexei Nawalny huet un e fräit, oppent an demokratescht Russland gegleeft. Hee gouf iwwer d‘Joren vergëft, roueg gestallt an isoléiert. 

Lauschterenplay_arrow