search

/ Den 30. Januar war den "Tag der Machtergreifung"

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Den 30. Januar war den "Tag der Machtergreifung"

Am Fräie Mikro vun haut erënnert de Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, un den 30. Januar 1933 a vergläicht d’Verhale vun der deemoleger Zentrumspartei mat deem vun der EVP am Europaparlament, an awer och tëschent dem Hitler an dem Donald Trump.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
De Michel Pauly. | © Jo Diseviscourt
De Michel Pauly. (Foto: Jo Diseviscourt)

Hätt Däitschland den Zweete Weltkrich gewonnen, misste mir muer, den 30. Januar, den "Tag der Machtergreifung" feieren. Esou huet den Hitler deen Dag genannt, op deem en am Joer 1933 vum Reichspresident Paul von Hindenburg zum Reichskanzler ernannt gi war.

An den Eck gedréckt a gequiitscht

Deen Nazi-Begrëff war eng typesch Verdréinung vun den Tatsaache, well den Hitler huet ni d’Muecht ergraff, mee hie krut se vum Reichspresident iwwerdroen, well déi chrëschtlech Zentrumspartei sech net mat der SPD an enger Hellewull klenge pseudo-liberale Parteien op e Koalitiounsprogramm konnt eenegen, an dat obschonns d’NSDAP Enn Juli 1932 bei de Reichstagswalen hir Stëmmen op 37 Prozent verduebelt hat.

Wou dunn am November op en Neits Wale waren an d’NSDAP liicht verluer hat, konnt den Zentrumspolitiker Franz von Papen den Hindenburg derzou bréngen, eng Koalitiounsregierung ze akzeptéieren, mam Hitler als Reichskanzler an him selwer als Vizekanzler.

Hie soll den Hindenburg iwwerzeegt hu mam Argument: "In zwei Monaten haben wir Hitler in die Ecke gedrückt, dass er quietscht!". Mir wëssen haut, wien an den Eck gedréckt gouf a gequiitscht huet, oder éischter keen Toun méi konnt vu sech ginn.

E Bléck an d'USA geet duer

Mat rietsradikale Kräften zesummeschaffe geet ni gutt aus. An dach huet de 14. November 2025 d’Europäesch Vollekspartei EVP, inklusiv déi zwou Deputéiert vun der CSV, et am Europaparlament virgezunn, bewosst mat Hëllef vun de Rietsradikalen déi sougenannte Liwwerkettendirektiv komplett ze verwässeren, amplaz mat de Sozialdemokraten an de Liberalen e Kompromëss auszehandelen.

Dat ass genee dee selwechte Feeler, deen 1932 d’Zentrumspartei gemaach huet, wou si schliisslech d’Land dem Hitler ausgeliwwert huet.

Et brauch een dach nëmmen an d’USA ze kucke wann ee wëllt wëssen, wou mir histeiere wann d’CSV a Rietsradikaler d’Kompetitivitéit vun de Betriber iwwer d’Mënscherechter an de Natur- a Klimaschutz stellen. Da gëtt et geschwë kee Parlament a keng Natur méi.

"Mein Kampf" huet och kee seriö geholl

Natierlech si mir an Europa nach net esou wäit, datt déi Rietsradikal un d’Muecht kéimen. Mir gesinn awer, wéi an den USA ënner dem Deckmantel vun de Republikaner e Faschist un d’Muecht koum, deen déi eege Bierger:inne mat senger SA - ICE genannt - terroriséiert, an den amerikanesche “Lebensraum”, wéi den Hitler dat genannt hätt, mat alle Mëttele wëllt erweideren.

Esou wéi keen europäesche Politiker an den 1930er Joren dem Hitler säi "Mein Kampf" gelies a seriö geholl hat, huet wuel och keen demokratesche Politiker de Project 2025 vun der amerikanescher Heritage Foundation gelies, deen den Trump Dag fir Dag amgaang ass, Saz fir Saz ëmzesetzen.

Obschonns dem brittesche Premier Chamberlain seng "Appeasement"-Politik den Zweete Weltkrich net verhënnert huet an en ettlech Politiker dem Trump endlech d’Rout Kaart weisen, ginn haut deem seng Pläng fir Grönland an d’Doudeger zu Minneapolis nach ëmmer net duer, fir Lëtzebuerger Politiker dervun ofzehalen, mam Trump senger Ambassadrice Selfien ze maachen.

play_arrow Lauschteren