Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Seu Jorge - Rebel Rebel

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Demonstratiounsrecht: Wéi streng sollen d'Reegele sinn? 

No Corona-Demonstratioune virun 3 Joer 

Demonstratiounsrecht: Wéi streng sollen d'Reegele sinn? 

Bei de Corona-Protester virun e bësse méi wéi dräi Joer ass et méi héich hier gaang. D'Manifestante sinn deemools ouni Autorisatioun duerch de Stadkär gezunn an hunn de Chrëschtmaart gestiermt. D'Police war net drop preparéiert. D'Chamber huet d'Regierung doropshin opgefuerdert driwwer nozedenken, fir d'Strofen, fir net autoriséiert Demonstratiounen ze verschäerfen. A genee dat kéint elo dräi Joer duerno passéieren. 

auto_stories

2 min

headphones

8 min

play_arrow

Den Inneminister Léon Gloden huet nämlech eng Gesetzesvirlag ausgeschafft, déi d'Reegele fir esou Demonstratioune géif verschäerfen. D'Gewerkschafte kritiséieren seng Pläng. D'Chambre des Salariés fuerdert, datt den Text zréckgezu gëtt, well en ze restriktiv wier. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar seet awer am 100,7-Interview, hie géif d'Opreegung dozou net verstoen. 

Nach just en Avant-projet

Déi Mentioun, déi de Laurent Mosar, no de Corona-Demonstratiounen agereecht huet, gouf eestëmmeg ugeholl. 

"Et ass nach iwwerhaapt kee Projet de loi hei deposéiert ginn ass, mee mir si réischt bei engem Avant-projet. Dat heescht d'Chamber hei nach net mat iergendwéi engem Text saiséiert."

Am Avis vun der Chambre des salariés gëtt zum Beispill kritiséiert, datt den Text virgesäit, datt een Demonstratiounen an Zukunft op d'mannst fënnef Deeg am Viraus bei der Gemeng misst ufroen, da wieren also bei exzeptionellen Entwécklunge spontane Protestpiqueten net méi méiglech.

"Am Moment sinn et aacht Deeg, wat ganz vill Leit net wëssen. Dat gëtt elo erofgesat op fënnef Deeg. Also kann een eigentlech emol net vun enger Verschäerfung schwätzen."

Dat ass awer net déi eenzeg Kritik um Text. Et ass nämlech och dra virgesinn, datt d'Police e sougenannten Attroupement, also eng Mënschenusammlung, kéint mat Gewalt auserneen dreiwen, wann dee Grupp sech no enger Opfuerderung net fräiwëlleg opléisst.

Upassungen si nach méiglech

Datt elo an der Chamber iwwer eenzel Dispositiounen nach misst diskutéiert ginn, wier kloer fir de Laurent Mosar. Eventuell missten do nach eenzel Upassunge gemaach ginn. Den Text wier och nach verbesserungsfäeg. 

Et kéint awer zu Abuse féieren, wann et guer keen Text oder keen zesummenhängenden Text géif ginn, sou nach de Laurent Mosar.

Lauschterenplay_arrow