Radioen

On air

Notturno  |  Ibibio Sound Machine - Pull the Rope

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dem Pedro Sánchez steet enger weiderer Amtszäit näischt am Wee

Spuenien

Dem Pedro Sánchez steet enger weiderer Amtszäit näischt am Wee

De Wee ass fräi fir eng weider Amtszäit vum spuenesche Premier Pedro Sánchez. No de Katalane gëschter hunn haut och d‘Basken der sozialistescher Aarbechterpartei hir Ënnerstëtzung fir eng Reelektioun am spuenesche Parlament garantéiert.

auto_stories

1 min

Den Accord gouf de Moien um Freideg ënnerschriwwen, hu béid Parteien haut annoncéiert, dräi an een hallwe Mount no de Walen am Land. Domat kéim de Sánchez am Parlament op eng absolut Majoritéit a kéint déi nächst Regierung vum Land bilden.

De Vott iwwert seng Kandidatur kéint schonn d‘nächst Woch stattfannen.