Den EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell huet op X geschriwwen: D‘EU Ausseministere wéilten ee staarkt Signal vun der Ënnerstëtzung fir d‘Fräiheetskämpfer a Russland ginn an den Alexei Nawalny éieren.
On Monday, I will welcome Yulia Navalnaya at the EU Foreign Affairs Council.
— Josep Borrell Fontelles (@JosepBorrellF) February 18, 2024
EU Ministers will send a strong message of support to freedom fighters in Russia and honour the memory of Alexi @navalny.
Dem Nawalny seng Famill huet nach ëmmer keen Accès zu senger Läich kritt. Eng Biergerrechts-ONG huet a Russland eng Petitioun lancéiert an där si fuerdert, d‘Läich fräi ze ginn. Der ONG no wieren a Russland bis elo scho 400 Leit verhaft ginn, well si u Gedenkfeiere fir den Alexei Nawalny deel geholl hunn.
Rassemblement an der Stad
Virgëschter war och e Rassemblement hei an der Stad. D‘Organisatioun RuHelp – Russians against the War – schreift, datt méi wéi 400 Leit op der Hamilius-Plaz waren, fir dem Alexe Nawalny ze gedenken. Beim Rassemblement wier eng Initiative lancéiert gi fir der Lëtzebuerger Regierung ze proposéieren, eng vun de Stroossen bei der russescher Ambassade zu Dummeldeng nom Alexei Nawalny ze benennen.
Weidert Theema: Europäesch Krichschëffer am roude Mier
D‘EU Ausseministere wëllen haut um Conseil zu Bréissel och iwwer een neie Militärasaz am Roude Mier decidéieren. Virgesinn ass, datt och europäesch Krichsschëffer an d‘Regioun geschéckt gi fir Handelsschëffer virun Attacke vun den Huthi-Rebellen am Jemen ze schützen.