De 47 Joer ale Kremlgéigner war leschte Freideg an engem Prisong a Sibirien gestuerwen. Zanterhier ass seng Mamm do an der Regioun am gaang nom Läichnam vun hirem Jong ze sichen. Am Video huet si op en neits gefuerdert, dass d‘Autoritéiten de Läichnam fräiginn, fir dass d‘Famill e kéint begruewen.
Si huet dem russesche Muecht-Apparat virgehäit, den Nawalny heemlech wëllen ze begruewen.